Déi nächst offiziell Tester sinn den 21. Oktober 2023 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 11. November 2023 (Kanner bis 10 Joer)

Wéi qualifizéieren ech mech fir Mensa?

Jiddereen, dee noweise kann datt en an engem iwwerwaachten IQ Test e Resultat erreecht, dat mindestens sou héich ass wéi d'Resultat vun 2% vun der Duerchschnëttsbevëlkerung (bzw. besser wéi 98% vun der Bevëlkerung), ka Member bei Mensa ginn. Et gëtt keng aner Méiglechkeet fir Member ze ginn.

Den Ausdrock "IQ" gëtt oft benotzt mä en ass a sech schlecht definéiert. Et gi vill verschidden Zorte vun IQ-Tester mat verschiddene Skalen. E Resultat vun 132 Punkte bei engem IQ-Test kann dat selwecht heesche wéi 148 Punkten an engem aneren Test. Fir Verwiesslungen ze vermeiden huet Mensa e Prozentsaz festgeluecht. D'Kandidate mussen an engem standardiséierten IQ-Test e Resultat erreechen, dat zu deenen ieweschten 2% vun der Bevëlkerung gehéiert.

Et ginn zwou Méiglechkeete sech fir Mensa ze qualifizéieren: entweder et mécht een en IQ-Test bei Mensa selwer, oder et weist een no datt een en entspriechenden IQ an engem iwwerwaachten, vu Mensa unerkannten, IQ-Test erreecht huet. Et ginn eng Rei vun IQ-Tester, déi Mensa unerkennt. Allerdéngs erkennt Mensa keng Online-IQ-Tester un! Wann ee schonn eng Kéier en IQ-Test gemaach huet, kann ee sech direkt u Mensa wende fir gewuer ze ginn op deen IQ-Test unerkannt gëtt. Et brauch een dann allerdéngs eng Kopie vu senge Resultater. Dës kann ee per Email u Mensa Lëtzebuerg eraschécken (comite@mensa.lu).

Fir eng éischt Aschätzung kann een eisen Online-Beispill-Test probéieren. Deen ass gratis, an et fënnt een en hei: online IQ Test. Opgepasst: Dësen Test erlaabt net, Member bei Mensa ze ginn, en soll just als Beispill déngen, dass een eng Iddi kritt, wéi d'Froen am richtegen IQ-Test vu Mensa Lëtzebuerg opgebaut sinn.

Wat ass den offiziellen IQ-Test vu Mensa Lëtzebuerg?

Wann een nach ni en IQ-Test gemaach huet, dann ass et am einfachsten den offiziellen IQ-Test bei Mensa Lëtzebuerg selwer ze maachen. Den offiziellen IQ-Test fënnt an engem iwwerwaachte Sall zu Lëtzebuerg statt. En gëtt mat Stëft op Pabeier ausgefëllt a gëtt vun engem Psycholog iwwerwaacht an ausgewäert. Et ass en unerkannten an homologéierten IQ-Test, wou et drëm geet, iwwerduerchschnëttlech an héichbegaabte Persounen ze entdecken. Aus dësem Grond musse mir 40€ fir den Test froen. Den Online-Beispill-Test geet net duer fir Mensa Member ze ginn.

Wichteg:

  • Den offiziellen Test gëtt 2x d'Joer vu Mensa Lëtzebuerg organiséiert. Datum an Adress fannt dir op dësem Site (giel Këscht uewen op all Säit).
  • Wann de Kandidat net déi néideg Punktzuel erreecht fir Member vu Mensa Lëtzebuerg ze ginn, dann huet en d'Recht, den Test nach eng zweete Kéier gratis ze maachen.
  • D'IQ-Tester sinn net an all Land déi selwecht. Hei zu Lëtzebuerg besteet de Mensa IQ-Test aus zwee verschiddenen Tester, déi allen zwee "culture fair" sinn. Dat heescht datt an deem Test keng sproochlech Kenntnisser gefuerdert sinn.
  • Et ginn eng ganz Rei "IQ Tester" um Internet, déi ee vollkomme falscht Bild vun IQ-Tester vermëttelen. Am Mensa IQ-Test gëtt kee Wësse gefrot, et gi keng Rechenaufgaben, an et gi keng sproochlech Kenntnisser getest.

Wat gëtt am offizielle Mensa IQ-Test gefrot?

Den offiziellen IQ-Test bei Mensa Lëtzebuerg ass een unerkannte méistufegen Test ënnert der Opsiicht vun engem Psycholog, deen un éischter Plaz dofir geduecht ass Leit opzespieren déi intellektuell anere Leit an hirem Alter viraus sinn. Ee Resultat dat d'selwecht oder besser ass wéi dat vun 98% vun der Bevëlkerung, gëtt engem d'Recht, Member vu Mensa ze ginn (Mensa Lëtzebuerg a Mensa International).

Beim lëtzebuergesche Mensa IQ-Test ginn et weder Froen iwwer d'Allgemengbildung, nach Kultur, Schoul oder sproochlech Kompetenzen. Et geet villméi ëm dat logesch-mathematescht Verständnis, d'Vitesse vir d'Informatiounen ze verschaffen, d'Analys- a Synthesefäegkeet, d'Léift zum Detail, etc.

Wéi ginn ech gewuer, wéini deen nächsten offizielle Mensa IQ-Test stattfënnt?

Den Datum vum nächsten Test steet an der gieler Këscht déi uewen op all Säit vun eisem Site ass.

Wéi schreiwen ech mech fir den offizielle Mensa IQ-Test an (vu 10 Joer un), an wéi leeft dat praktesch of?

D'Aschreiwung fir den Test fir Jugendlecher an Erwuessener ass ob der Plaz, wou den Test gemaach gëtt, a fänkt eng hallef Stonn virum Ufank vum Test un.

ADRESS: 1, Rue St Joseph L-1838 Luxembourg

RECEPTIOUN/KEESS: vun 9.30h un (genuch Zäit arechnen, fir eng Parkplaz ze fannen)

UFANK VUM TEST: Punkt 10.00h (no 10.00h kënne mir kee méi zum Test zouloossen)

DAUER: 1 Stonn

PRÄIS: Den Test kascht 40€, ze bezuelen (boer) op der Plaz. Wann een de Score Mensa bei der éischter Kéier net erreecht, däerf een den Test eng Kéier gratis widderhuelen.

INSCRIPTIOUN: Dir kritt ee Formulär fir op der Plaz auszefëllen, oder, fir Zäit ze wannen, kënnt dir e schonn am viraus hei erof lueden a schonn ausgefëlt matbréngen.

D'Resultater ginn 4-6 Wochen nom Test mat der Post geschéckt.

Leider kënne mir keng Ufro zu de Resultater per Email oder Telefon beäntweren.