Déi nächst IQ Tester sinn den 21. Oktober 2023 (offiziellen Test fir Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 11. November 2023 (Kanner bis 10 Joer)
Wat ass Mensa?
Mensa gouf 1946 an England vum Roland Berrill, engem australeschen Affekot, a vum Dr. Lance Ware, engem Wëssenschaftler an Affekot, gegrënnt. Si hunn sech zoufälleg an engem Zuch an England getraff an haten dunn d'Iddi eng Societéit fir héichintelligent Leit ze grënnen, bei där déi eenzeg Qualifikatioun fir Member ze ginn en héijen Intelligenz-Quotient (IQ) ass. Déi deemoleg Ziler waren, wéi haut och nach, eng Gemeinschaft ze kreéieren déi net politesch ass a keng Ënnerscheeder aus ethneschen oder reliéise Grënn mécht. D'Societéit ass op fir all Leit, deenen hiren IQ méi héich ass wéi deen vun 98% vun der Gesellschaft, onofhängeg vun deem wat se am Liewe maachen. D'Zil ass, datt dës Leit sech treffen a kenneléiere kënnen, an sech un enger grousser Unzuel vu sozialen a kulturellen Aktivitéiten bedeelege kënnen.
Haut ass Mensa eng grouss international Organisatioun, déi an iwwert 100 Länner vertrueden ass, dorënner säit 1994 och hei zu Lëtzebuerg. Dëse Site ass d'Online-Präsenz vu Mensa Lëtzebuerg. Um Site vu Mensa International (www.mensa.org) stinn d'Linke fir d'Websäite vun deenen aneren Länner an Europa an och soss op der Welt.
Wat ass Mensa Lëtzebuerg ASBL?
Mensa Lëtzebuerg ass déi lëtzebuergesch Organisatioun vu Mensa International. Säit 2001 ass Mensa Lëtzebuerg en eegestännege Veräin, virdru war et ee Veräin fir Lëtzebuerg an d'Belsch zesummen. Mensa Lëtzebuerg ass eng politesch a reliéis neutral ASBL (association sans but lucratif) vun héichbegaabte Mënschen aus eiser Groussregioun, aus alle Beruffer a soziale Schichten, mam Objektiv, héichbegaabte Leit zesummenzeféieren a sech bei sozialen a kulturellen Aktivitéiten ze treffen an auszetauschen. Mensa Lëtzebuerg ASBL ass zur Zäit di eenzeg Organisatioun fir héichbegaabt Leit zu Lëtzebuerg.
Wat fir eng Zort Leit si bei Mensa?
Déi eenzeg néideg Charakteristik vun engem Mensa Member ass säin héijen IQ. Et gi Mensaner an allen Altersgruppen, mä déi meescht Membere sinn tëschent 20 an 49 Joer al. Hir Educatioun variéiert vu Spillschoul bis zum multiplen Doktorat. Et gi Mensaner aus praktesch alle Beruffer a soziale Schichten: Professeren, Camionschaufferen, Wëssenschaftler, Pompjeeën, Computerprogramméierer, Baueren, Kënschtler, Leit beim Militär, Museker, Schauspiller, Bureausaarbechter, Polizisten, Glasbléiser, … Et gi berümte Mensaner, mee et ginn der virun allem och ganz vill, vun deenen een et net weess. Vill Mensaner hunn ee gudden Humor a schwätze gär (a vill). Verschiddener si Millionär, anerer liewe vu Sozialhëllef. Fir di meescht Memberen ass eng Mensa Aktivitéit eng gutt Geleeënheet, sech ënnerteneen auszetauschen oder einfach eng gemittlech Zäit ënnert Gläichgesënnten ze verbréngen.
Wat sinn d'Ziler vu Mensa?
Mensa huet virun allem dräi Ziler:
- Intelligenz erkennen a fleegen zum Benefice vun der Mënschheet,
- d'Erfuerschung vun der Natur, de Charakteristiken an der Nëtzlechkeet vun der Intelligenz an
- d'Ubidde vu stimuléierenden intellektuellen a sozialen Aktivitéite fir seng Memberen.
Wéi vill Memberen huet Mensa?
Haut ginn et ongeféier 134.000 Mensaner an 100 Länner op der ganzer Welt. Et ginn aktiv Mensa-Organisatiounen an iwwer 40 Länner op all Kontinent ausser der Antarktis.
Membere weltwäit
an
iwwer 100
Memberen zu Lëtzebuerg
Ginn et berühmt Mensa Memberen?
Hei e puer Beispiller vu berühmte Mensaner:
- Isaac Asimov, Science-Fiction Schrëftsteller
- Sir Clive Sinclair, Erfinder vum Sinclair Spectrum Computer
- Marylin vos Savant, steet an der Guinness Hall Of Fame mat engem IQ vun 228
- Geena Davis, Schauspillerin
- Dr. Julie Peterson, war Playmate beim "Playboy", ass haut Doktesch
- Adrian Cronauer, Radiosmoderateur, hie war d'Virlag fir de Film "Good Morning Vietnam"
- Donald Petersen, ex-Chairman vun der Ford Motor Company
- Adam Osborne, Grënner vum Computerpionéier "Osborne Computer"
- Richard Bolles, Bestseller-Auteur
- Bobby Czyz, zweemol World Boxing Association (WBA) Cruiserweight Champion.
- ... an nach vill anerer ...
Wat heescht "Mensa"?
D'Wuert "Mensa" heescht "Dësch" op Laténgesch. De Numm steet fir eng Societéit, eng "table ronde", wou d'Rass, d'Hautfaarf, Relioun, Nationalitéit, Alter, politesch Astellung, Educatioun a sozialen Hannergrond keng Roll spillen.
Wat fir eng Meenung vertrëtt Mensa?
Mensa ergräift keng Partei zu politeschen, reliéisen oder sozialen Themen. Mensa verbënnt Memberen aus ville verschiddene Länner a Kulture mat immens villen Astellungen an Traditiounen. Dofir ass et net méiglech, datt Mensa e bestëmmte Point de vue vertrëtt.
Mensa um Internet
Eng ganz Rei Mensa Gruppe sinn um Internet vertrueden, hei nëmmen e puer Linken:
Déi komplett Lëscht fannt Dir hei: National Groups
Mensa Logo (M-blem)
De Mensa Logo stellt en Dësch mat enger Weltkugel drop duer. De Logo ass geschützt an däerf nëmme vun offizielle Mensa Gruppe gebraucht ginn.