Déi nächst offiziell Tester sinn den 22. Abrëll 2023 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 13. Mee 2023 (Kanner bis 10 Joer)

Dësen IQ-Test ass fir Kanner vu 6 Joer bis 10 Joer; Kanner ab 10 Joer kënnen den 22. Abrëll 2023 beim regulären Mensa IQ-Test, deen och fir Erwuessener ass, matmaachen.

Mensa Lëtzebuerg organiséiert den 13. Mee 2023 tëschent 10 an 12 Auer (je no Altersgrupp) en IQ-Test fir Kanner déi tëschent dem 13. Mee 2013 an dem 13. Mee 2017 gebuer sinn, zu Lëtzebuerg, 1 rue Saint Joseph.

Fir d'Kanner unzemellen, liest w.e.g. den Abschnitt "Aschreiwung" am Haaptartikel. D'Umeldung ass fir de Kannertest obligatoresch. Dir kënnt d'Kanner ab dem 29. Mäerz 2023 aschreiwen.

Wann dir trotzdeem nach Froen hutt: kidstest@mensa.lu .