Déi nächst IQ Tester sinn den 21. Oktober 2023 (offiziellen Test fir Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 11. November 2023 (Kanner bis 10 Joer)

Mensa organiséiert zweemol am Joer ee Gruppen-IQ-Test fir Kanner vun 10 Joer un (Kanner vun 9 Joer u kënnen op Ufro deelhuelen). Dëst ass de reguläre Mensa IQ Test, un deem och déi Erwuessen deelhuelen. Méi Informatioune stinn hei ënnendrënner.

Fir Kanner vun 6 bis 10 Joer fënnt zweemol am Joer e Gruppen-IQ-Test statt, dee vun engem Psycholog ofgehalen an ausgewäert gëtt.

Fir méi kleng Kanner (ënner 6 Joer) fonctionnéiert e Gruppentest net, mee déi kann een (vu +/- 4 Joer un, éischter ass et net sënnvoll) individuell bei engem Psycholog teste loossen. Eng Lëscht vu Psychologen, déi sech mat Héichbegabung bei klenge Kanner auskennen, kënnt Dir bei eis nofroen (per Email u mensakids@mensa.lu).

Mensa IQ Test (vun 10 Joer un): Allgemeng Informatiounen

De Mensa IQ Test ass een unerkannte méistufegen Test ënnert der Opsiicht vun engem Psycholog, deen un éischter Plaz dofir geduecht ass Leit opzespieren déi intellektuell hirem Alter viraus sinn. E Resultat dat d'selwecht oder besser ass wéi dat vun 98% vun der Bevëlkerung gëtt engem d'Recht, Member vu Mensa ze ginn (www.mensa.lu a www.mensa.org). Dësen Test enthält keng Froen zur Allgemengbildung, en test éischter d'logesch-mathematesch Fäegkeeten a Geschéckerlechkeeten (d'Vitesse vun der Informatiounsveraarbechtung, d'Analys an d'Synthees, d'Léift zum Detail, etc.). Wann de Kandidat net déi néideg Punktzuel erreecht fir Member vu Mensa Lëtzebuerg ze ginn, dann huet en d'Recht, den Test nach eng zweete Kéier gratis ze maachen.

Deen Test gëtt 2x d'Joer vu Mensa Lëtzebuerg organiséiert. Datum an Adress fann dir op dësem Site (giel Këscht uewen op all Säit). Et ass net noutwendeg, sech am viraus fir de Mensa IQ Test fir Erwuessener unzemellen.

Speziell Informatiounen iwwert de Kanner IQ-Test (6 bis 10 Joer)

Dësen Test ass geduecht fir Kanner am Alter tëschent 6 an 10 Joer (um Dag vum Test). Kanner a Jugendlecher déi méi al wéi 10 Joer sinn dierfen den Test fir Erwuessener maachen.

Well an dësem Test keng Allgemengbildungsfroen dra sinn, a well och weder d'schoulesch nach d'sproochlech Kenntnisser vum Kand bewäert ginn, kritt e "gudden" a "schlechte" Schüler déi selwecht Chancen. 'T ass net néideg sech virzebereeden, oder ze üben. D'Kand brauch net liesen a schreiwen ze kënnen. D'Explikatioune sinn op Lëtzebuergesch, a ginn, falls néideg, op Däitsch, Franséisch an Englesch iwwersat.

Den Test dauert ongeféier eng hallef Stonn. Dësen Test ass no Altersklassen agedeelt, a gëtt an zwou Gruppen ofgehalen. D‘Andeelung an d‘Gruppen hänkt vum Alter vun de Kanner an der Unzuel vun Umeldungen of, sou dass d'Auerzäit wéini et lass geet, eréischt ka matgedeelt gi wann all d'Umeldungen era sinn.

De Präis vu 40 € ass boer op der Plaz ze bezuelen, just virum Test.

 

D'Resultater ginn 2-4 Wochen nom Test per Bréif matgedeelt. Et gi keng Resultater per Email oder Telefon matgedeelt!

Obligatoresch Aschreiwung fir de Kanner IQ-Test

D'Aschreiwung fir de Kanner Test via Email op kidstest@mensa.lu ass obligatoresch. Gitt w.e.g. bei der Aschreiwung (op kidstest@mensa.lu) folgend Informatiounen un:

  • Numm, Virnumm,
  • Geschlecht a Gebuertsdatum vum Kand,
  • Genee Adress wou d'Resultat soll hi geschéckt ginn,
  • Numm vun den Elteren, Telefonsnummeren, Handysnummer vun dem Elterendeel deen d'Kand bei den Test bréngt,
  • E-Mail Adress vun den Elteren,
  • Mammesprooch vum Kand, an aner Sproochen déi et versteet,
  • D'Nationalitéit vum Kand
  • Huet et schonn eng Kéier een IQ-Test gemaach?
  • Wa jo, wéini war dat, wéi een Test, a wéi war d'Resultat?
  • Nëtzlech Informatiounen iwwer d‘Kand, déi eventuell kënne fir e gudden Oflaf vum Test wichteg sinn (z.B. héiert net gutt/nëmmen eng Säit, muss Medikamenter huelen, aner Opfällegkeeten, …)
  • Sprooch fir den Test: lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch?

OBLIGATORESCH UMELDUNG nëmme gëlteg als: ONLINE Aschreiwung op: kidstest@mensa.lu (ab dem 27. September 2023)

DE FORMULÄR muss den Dag vum Test bei der Receptioun ausgefëllt oder ofgeliwwert ginn!

Sprooch fir den Test: lëtzebuergesch, däitsch, franséisch oder englesch?

Zousätzlech Informatiounen: mensakids@mensa.lu.