|
Jiddereen dee noweise kann datt en an engem iwwerwaachten IQ Test e Resultat erreecht, dat mindestens sou héich ass wéi d'Resultat vun 2% vun der Duerchschnëttsbevëlkerung (bzw. besser wéi 98% vun der Bevëlkerung), ka Member bei Mensa ginn. Et gëtt keng aner Méiglechkeet fir Member ze ginn.
Den Ausdrock "IQ" gëtt oft benotzt mee en ass a sech schlecht definéiert. Et ginn vill verschidden Zorten vun Tester mat verschiddene Skalen. E Resultat vun 132 Punkten bei engem Test kann dat selwecht heeschen wéi 148 Punkten an engem aneren Test. Fir Verwiesslungen ze vermeiden huet Mensa e Prozentsaz festgeluecht. D'Kandidaten mussen an engem standardiséierten IQ Test e Resultat erreechen dat zu deenen ieweschten 2% vun der Bevëlkerung gehéiert.
Et ginn zwou Méiglechkeete sech fir Mensa ze qualifizéieren: entweder et mécht een en Test bei Mensa selwer, oder et weist een no datt een en entspriechenden IQ an engem iwwerwaachten, vu Mensa unerkannten Test erreecht huet. Et ginn eng Rei vun Tester, déi Mensa unerkennt. Wann ee schonn eng Kéier en Test gemaach huet, kann ee sech direkt u Mensa wende fir gewuer ze ginn op deen Test unerkannt gëtt. Et brauch een dann allerdéngs eng certifiéiert Kopie vun senge Resultater.
Ier ee sech fir de Mensa Test mellt, sollt een als éischt de Mensa Pre-Test maachen. Deen ass gratis, an et fënnt een en och hei op eisem Internet-Site. |
|
Wann een nach ni en IQ Test gemaach huet, dann ass et am einfachsten den Test bei Mensa selwer ze maachen. Als éischt mécht een de Pre-Test (online Pre-Test) a schéckt d'Resultater un:
Mensa Luxembourg 167, route de Trèves L-2630 Luxembourg/Cents
Duerno gëtt ee vu Mensa kontaktéiert. Wann d'Resultat vum Pre-Test gutt war, gëtt een zum offiziellen Test agelueden. Den offiziellen Test gëtt iwwerwaacht a vun engem Psycholog verbessert. Aus dëse Grënn musse mer 40 Euro fir den Test froen. De Pre-Test alleng geet net duer fir Mensa Member ze ginn.
Wichteg: - De Pre-Test ass net obligatoresch, et kann een och direkt de richtege Mensa Test maachen. Et sollt een awer bedenken datt de Pre-Test vläicht eng gutt Übung ass - et ass praktesch fir eemol ze gesinn, wéi esou en Test iwwerhaapt ausgesi kann. Ausserdeem ass de Pre-Test gratis, de Mensa Test selwer kascht.
- Wann een den Test net gepackt huet kann een den Test no enger Zäit widderhuelen. De Widderhuelungstest kascht näischt!
- D'Tester sinn net an all Land déi selwecht. Hei zu Lëtzebuerg besteet de Mensa Test aus zwee verschiddenen Tester, déi allen zwee "culture fair" sin. Dat heescht dat an deem Test keng sproochlech Kenntnisser gefuerdert sin.
- Wichteg: Et ginn eng ganz Rei "IQ Tester" um Internet, déi e vollkomme falscht Bild vun IQ-Tester vermëttelen. Am Mensa Test gëtt kee Wësse gefrot, et gi keng Rechenaufgaben an et gi keng sproochlech Kenntnisser getest.
|