Déi nächst offiziell Tester
sinn de 17/04/10 + 16/10/10

Du bass hei: Mensa > Site > Wat ass Mensa


Was ass Mensa? Wat fir eng Zort Leit si bei Mensa?
Mensa gouf 1946 an England vum Roland Berrill, engem Affekot, a vum Dr Lance Ware, engem Wëssenschaftler an Affekot, gegrënnt. Si haten d'Iddi eng Societéit fir schlau Leit ze grënnen, bei där déi eenzeg Qualifikatioun fir Member ze ginn en héijen IQ (Intelligenz-Quotient) ass. Déi deemoleg Ziler waren, wéi haut och nach, eng Gemeinschaft ze kreéieren déi net politesch ass a keng Ënnerscheeder aus ethneschen oder reliéise Grënn mécht. D'Societéit ass fir all Leit, onofhängeg vun deem wat se am Liewe maachen, deenen hiren IQ méi héich ass wéi 98% vun der Gesellschaft / Mënschheet, sou datt sech dës Leit treffen a kenne léiere kënnen an un enger grousser Unzuel vun sozialen a kulturellen Aktivitéiten bedeelege kënnen. Déi eenzeg néideg Charakteristik vun engem Mensa Member ass säin héijen IQ. Et gi Mensaner am Alter vun 4 bis 94 Joer, mä déi meescht sinn tëschent 20 an 49 Joer al. Hir Educatioun variéiert vu Spillschoul bis zum multiplen Doktorat. Et gi Mensaner aus praktesch alle Beruffer a soziale Schichten: Professeren, Camionschaufferen, Wëssenschaftler, Pompjeeën, Computerprogramméierer, Baueren, Kënschtler, Leit beim Militär, Museker, Schauspiller, Bureausaarbechter, Polizisten, Glasbléiser, … Et gi berühmte Mensaner, mä et ginn der virun allem och ganz vill, vun deenen een et net weess.
Wat sinn d'Ziler vu Mensa?
Mensa huet virun allem dräi Ziler: Intelligenz erkennen a flegen zum Benefice vun der Mënschheet, d'Fuerschung vun der Natur, de Charakteristiken an der Nëtzlechkeet vun Intelligenz, a senge Memberen stimuléirend intellektuell a sozial Méiglechkeeten ze bidden.
Wéi vill Memberen huet Mensa?
Haut ginn et ongeféier 100.000 Mensaner an 100 Länner op der ganzer Welt. Et ginn aktiv Mensa-Organisatiounen an iwwer 40 Länner op all Kontinent ausser der Antarktis.

100.000
Membere weltwäit


an

iwwer 80
Memberen zu Lëtzebuerg
Ginn et berühmt Mensa Memberen?
Hei e puer Beispiller vu berühmte Mensaner:
  • Isaac Asimov, Science-Fiction Schrëftsteller
  • Sir Clive Sinclair, Erfinder vum Sinclair Spectrum Computer
  • Marylin Vos Savant, steet an der Guinness Hall Of Fame mat engem IQ vun 228
  • Geenva Davis, Schauspillerin
  • Dr. Julie Peterson, war Playmate beim "Playboy", ass haut Doktesch
  • Adrian Cronauer, Radiosmoderateur, hie war d'Virlag fir de Film "Good Morning Vietnam"
  • Donald Petersen, ex-Chairman vun der Ford Motor Company
  • Adam Osborne, Grënner vum Computerpionéier "Osborne Computer"
  • Alfred Hinds, Ausbriecherkinnek
  • Terance Black, Screenwriter vun der HBO Serie "Tales from the Crypt"
  • Richard Bolles, Bestseller-Auteur
  • Bobby Czyz, en Ex-cruiserweight champion am Boxen(WBA)
  • Maurice Kanbar, Erfinder an Besëtzer vu Skyy Vodka 
  • ... an nach vill anerer ...
Wat heescht "Mensa"? Wat fir eng Meenung vertrëtt Mensa?
D'Wuert "Mensa" heescht "Dësch" op Laténgesch. De Numm steet fir eng Societéit, eng "table ronde", wou d'Rass, d'Hautfaarf, Nationalitéit, Alter, politesch Astellung, Educatioun a sozialen Hannergrond keng Roll spillen. Mensa ergräift keng Partei zu politeschen, reliéisen oder sozialen Themen. Mensa verbënnt Memberen aus ville verschiddene Länner a Kulturen mat immens villen Astellungen an Traditiounen. Dofir ass et net méiglech, datt Mensa e bestëmmte Point de vue vertrëtt.
Mensa um Internet Mensa Logo (M-blem)
Eng ganz Rei Mensa Gruppe sinn um Internet vertrueden, hei nëmmen e puer Linken:

Déi komplett Lëscht fannt Dir
hei: National Groups
De Mensa Logo stellt en Dësch mat enger Weltkugel drop duer. De Logo ass geschützt an däerf nëmmen vun offizielle Mensa Gruppen gebraucht ginn.




All contents ©2001-2010: Mensa Luxembourg www.mensa.lu | Contact the webmaster

The Mensa Mblem logo is a registered trademark of International Mensa Limited, all rights reserved. Mensa does not hold any opinion or have, or express, any political or religious views.Powered by CorneliOS software solutions