Firwat en Online Beispill-Test?
Dësen Online Beispill-Test gëtt iech eng Méiglechkeet, fir e bëssen ze gesinn, wat fir eng Zort Froen Iech an engem echten IQ-Test erwaart. En seet näischt iwwert ären IQ aus, well en net kalibréiert ass. En geet net duer, fir bei Mensa ugeholl ze ginn. Et ass just als Spill geduecht a fir eng Iddi ze kréien, ob Iech een IQ-Test leie kéint. Am Géigesaz zum Mensa-IQ-Test ass den Online Beispill-Test gratis.
Spill-Reegelen
Wann Dir d'Spill maacht, dann haalt Iech w.e.g. un d'Reegelen. Et huet kee Wäert ze fuddelen, d'Spill ass nëmmen dofir do, fir Iech selwer eng Iddi ze gi wéi Är Chancë bei engem richtegen IQ-Test kéinte sinn.
Hei sinn d'Reegelen:
- Dëst Spill soll een an 20 Minutte maachen
- Et sollt een eleng schaffen, ouni friem Hëllef
- Et soll een d'Spill nëmmen eng Kéier maachen
D'Online Beispill-Test Spill
Déi einfachste Method un d'Spill ze kommen ass hei. Hei kënnt Dir d'Spill direkt online maachen, an Dir kritt och direkt Äert Resultat!
Wat maache mat de Resultater?
Wann Dir d'Spill online gemaach hutt, a gutt ofgeschnidden huet, kéint Dir iech fir den Offiziellen Mensa IQ-Test interesséieren.