Déi nächst offiziell Tester sinn den 21. Oktober 2023 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 11. November 2023 (Kanner bis 10 Joer)

Mensa hei zu Lëtzebuerg

Virun iwwer 20 Joer gouf Mensa Luxembourg-Belgium gegrënnt, d'Aktivitéiten hu sech am Ufank éischter op d'Belsch konzentréiert. Zënter Enn 1999 goufen et och hei zu Lëtzebuerg reegelméisseg Mensa Aktivitéiten.

Richteg lass gaangen ass et am Joer 2000, mat reegelméissege Versammlungen (all leschten Donneschdeg vum Mount) mat interessanten Themen, deem éischte Speziellen Interessi Grupp (SIG, zum Thema "Cosmologie" am Februar 2000) an enger eegener Homepage (www.mensa.lu am Mee 2000). Am Dezember 2000 ass du Mensa Lëtzebuerg gegrënnt ginn, sou datt mer elo onofhängeg vun der Belsch sinn.

Memberen, Versammlungen an Aktivitéiten

Mensa Lëtzebuerg huet momentan schonn iwwer 100 Memberen. De Lëtzebuerger Grupp trëfft sech eemol am Mount. Dacks diskutéiere mer iwwer interessant Themen, déi vun engem fräiwëllege Member oder vun engem externen Intervenant virgestallt ginn. Heiansdo treffe mer eis zu enger fräier Diskussioun an engem Lokal wou mer d'Méiglechkeet hunn eppes z'Iessen. Munchmol ass eist Treffen och eng Besichtegung vun engem Musée oder vun engem flotte Site.

SIGen

Et besteet och d'Méiglechkeet, datt sech Memberen zu engem speziellen Interessi Grupp (SIG) zesummefannen, wa si e speziellt Thema interesséiert. Esou gëtt hei zu Lëtzebuerg fir de Moment zwou SIGen:

Pläng fir d'Zukunft

Mensa zu Lëtzebuerg wëllt an nächster Zukunft virun allem nei Membere fannen an hinne flott Aktivitéiten am Kader vu Versammlungen a SIGen ubidden. Ausserdeem wëllt sech Mensa och hei zu Lëtzebuerg an Zukunft nach méi fir d'Fërderung vun héichbegaabte Kanner asetzen.