Déi nächst offiziell Tester sinn den 13. Oktober 2018 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 10. November 2018 (Kanner bis 9½ Joer)

Wéi dir bestemmt gemierkt hutt, hu mir momentan ee gudd gefëllte Programm!
Fir datt mir weiderhin sou flott Saache fir d'Kanner kennen organiséieren, freeë mer eis iwwert all Iddi oder Virschlag vun Iech.
Oder huet ärt Kand villäischt e spezielle Wonsch fir eng Aktivitéit?
Da soot eis Beschéed!

Merci fir äre Feedback!

D'Equipp vu Mensakids
mensakids@mensa.lu

ELTERENTREFF
vun 10 - 11.30 Auer
de 07. Mee 2016
35, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg-Bonnevoie
(gratis an onverbindlech)

Léiw Mensakids,
Léiw Elteren a Frënn vu Mensakids,


Well der ugangs Januar sou vill vun iech krank waren, hunn d'Leit vum CAPEL eis en NEIEN TERMIN gi fir den ATELIER MAM ÄISBIER an zwar:
Dënschdes, den 3. FEBRUAR 2015
14.30-16.00h an der Stad an der Millebaach:
CAPEL
10, rue de l'école, L-1454 Luxembourg

WAT ASS LASS MAM KLIMA?
Et héiert een esou vill driwwer schwätzen: Ass eist Klima villäicht krank a wa jo, firwat? A wat ass „Klima“ iwwerhaapt?
Zesumme kënne mir dëse Froen op de Fong goen an no Äntwerte sichen.
Zesumme wëlle mer och erausfannen, wat mir selwer fir eist Klima maache kënnen, a mir probéieren op engem "Klimadësch" aus, wéi mer d'Klima beaflossen.
Am Kader vum Projet kënnen d'Kanner um "KLIMADESCH" op eng ganz visuell Manéier erfuerschen, wéi héich den Afloss vum Mënsch op de Klima an domat d'Natur ass, a wat eng ze héich Äerderwäermung fir Konsequenzen huet.

Wee wëll matmaache soll sech w.e.g. séier op inscription@mensa.lu umellen, datt mir kënne Bescheed soen.

SG, Andrée
Mensakids

Wéi ëmmer: jiddereen de matmécht, mécht dat op seng eege Verantwortung.

ELTERENTREFF
vun 10 - 11.30 Auer
den 23. Abrell 2016
35, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg-Bonnevoie
(gratis an onverbindlech)

Léiw Mensaner,
Léiw Frënn vu Mensakids,

Mensa Lëtzebuerg organiséiert zesumme mat Alli a.s.b.l. (Association luxembourgeoise pour la liberté d'instruction) eng Informatiounsversammlung iwwer éducation à domicile (homeschooling) zu Lëtzebuerg;
Freides, den 18. Mäerz 2016 um 19.30 op 167, rue de Trèves, Lëtzebuerg-Cents.

D'Madame Zago gëtt d'Erklärunge vir d'éischt op franséisch, duerno kann et mat Froen/Äntwerten op lëtzebuergesch weider goen.

Entree ass fräi.
Well d'Platze begrenzt sinn, mellt iech w.e.g. op inscriptions@mensa.lu un. Merci