Déi nächst offiziell Tester sinn den 21. Abrëll 2018 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 26. Mee 2018 (Kanner bis 9½ Joer)

Invitatioun Aktivitéit Mensakids

Léif Frënn vu Mensakids,

Op mäin Appel hin huet d'Mama vum Louis sech gemellt mat der Propose fir e Kanner-an Elterentreff e Mëttwoch, de 24. Juli, ab 3 Auer zu Märel am Park Schéiwisschen, beim Schlass. (rue Charlemagne, L-1328)

Bus: 6 a 7, Statioun: Merl/Orval.

Et wär flott wa mir wéissten datt mir net eleng do stinn. Merci

Jiddereen dee matgeet, mécht dat (wéi ëmmer) op seng eege Verantwortung.

 

Fir Mensakids

Andrée a Giny

 

All déi aner kenne sech jo och scho mol Gedanke fir deen nächste RV maache w.e.g.

Fir är Proposen: kids@mensa.lu

www.mensa.lu/kids

Léiw Mensakids,

Geocaching am Schlasspark Aansebuerg, de 25. Oktober 14 (GC5c7xq )(Informatiounen op geocaching.com)

Mir géingen eis dann um véierel op 2 bei der Entrée vum Park treffen, ech weess (och) net wou déi ass, war nach nie do.
Da gi mir zesummen de Schatz sichen, dofir musse mir awer ënnerwee verschiddenes zielen an och rechnen fir d'Kescht ze fannen.

Wann dir eppes aus der Këscht wëllt tauschen, huelt eppes aneres klenges mat fir dran ze leeën, anscheinend ass d'Schatzkëscht zimlech kleng.

Ween e GPS huet kann dee mathuelen.

Andrée
Mensakids

PS: Wee matgeet, mech dat op seng eege Verantwortung.
PPS: Wann et ze vill reent, fält d'Aktivitéit an d'Waasser.

5. Abrell: ELTERENTREFF och mat eise "Benevolen".
35, rue de Bonnevoie, L-1260 Letzebuerg
ca 10 - 11.30 Auer
och fir Elteren wou d'Kanner net am Test sin!

IQ-TEST fir Kanner vun 9-14 Joer an Erwuessener
Datum: 5. Abrell 2014
Adress: 35, rue de Bonnevoie, L-1260 Letzebuerg
Ufank: 10 Auer. Recptioun: 9.30
Dauer: Jonker ca 1 Stonn, Adultes 2 Stonnen.
Formulaire d'Inscriptioun: op der Plaatz ausfellen
Präis: 40€, op der Plaatz ze bezuelen

ELTERENTREFF  10. Mee 2014
35, rue de Bonnevoie,L-1260 Letzebuerg
teschend 10 an 11.30 Auer, wärend de Kannertester
Do hun d'Eltere Geleenheet, mat aaneren Elteren an eise Benevolen ze
schwätzen a sech Bicher zum Thema unzekucken.
Och déi Eltere wou d'Kanner net am Test setzen si wellkomm!
Hei brauch ee sech net unzemellen.