Déi nächst offiziell Tester sinn den 21. Abrëll 2018 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 26. Mee 2018 (Kanner bis 9½ Joer)

Nom Cabinet Langues Psychométrie Thérapies Interventions Clientèle Tarifs
à titre indicatif sans engagement (60 min) TVA incluse
Dr SCHILTZ Lony « Unité de recherche en psychologie clinique, psychologie de la santé et art thérapie »
Tel : 433668
Lux
Allemand
Français
Anglais
musico et art thérapie troubles de l’apprentissage
concentration et mémoire
troubles de la conduite
troubles de la nutrition
phobies scolaire
phobies sociales
hyperactivité
dépression
crises développementales
enfants
adolescents
sans frais
Mme WATRY Aline 10, Grand-rue
L-7777 Bissen
Tel : 26885022
661318586
www.aline-watry.lu
Lux
Allemand
Français
Anglais
tests QI
tests cognitifs
bilans complets
entraînements des fonctions
cognitives
rééducation
stratégies compensatoires
adaptation de l’environnement
troubles de l’apprentissage
troubles comportementaux
troubles communicationnels
guidance parentale
enfants de tout âge
adolescents
adultes
(éventuellement à domicile)
80 €

Mensa IQ Test: Allgemeng Informatiounen

Dëst ass een unerkannte méistufegen Test ënnert der Opsiicht vun engem Psycholog, deen un éischter Plaz dofir geduecht ass Leit opzespieren déi intellektuell hirem Alter viraus sinn. Ee Resultat dat t'selwecht oder besser ass wéi dat vun 98% vun der Bevëlkerung gëtt engem d'Recht, Member vu Mensa ze ginn (www.mensa.lu an www.mensa.org). Dësen Test enthält keng Froen zur Allgemengbildung, en test éischter d'logesch-mathematesch Fäegkeeten a Geschéckerlechkeeten (d'Vitesse vun der Informatiounsveraarbechtung, d'Analys an d'Synthes, d'Léift zum Detail, etc.). Wann de Kandidat net déi néideg Punktenzuel erreecht fir Member vu Mensa Lëtzebuerg ze ginn, dann huet en d'Recht, den Test nach eng zweete Kéier gratis ze maachen.

Deen Test gett 2x d'Joer vu Mensa Lëtzebuerg organiséiert. Datum an Adress fann dir op dësem Site (giel Këscht uewen op all Säit).

Speziell Informatiounen

Dësen Test ass geduecht fir Kanner am Alter tëschent 6,5 an 9,5 Joer (um Dag vum Test). Kanner a Jugendlecher déi méi al wéi 9 Joer sinn dierfen um Test fir Erwuessener matmaachen.

Well an dësen Test keng Allgemengbildungsfroen dra sinn, a well och weder d'schoulesch nach d'sproochlech Kenntnisser vum Kand bewert ginn, gëtt e "gudden" a "schlechte" Schüler déi selwecht Chancen. 'T ass net néideg sech virzebereeden, oder ze üben. D'Kand brauch net liesen a schreiwen ze kënnen. D'Explikatiounen ginn op Lëtzebuergesch ginn, an, falls néideg, op Däitsch, Franséisch an Englesch. Den Test dauert ongeféier eng hallef Stonn. Desen Test ass no Altersklassen agedeelt, a gëtt an zwou Sëtzunge / Gruppen ofgehalen. D'Andeelung a Gruppen gëtt duerch dem Kand säin Alter bestëmmt (an duerch d'Alter vun deenen anere Kanner déi och do sinn), a kann, zesumme mat der genauer Auerzäit wéini et lass geet, réischt matgedeelt ginn wann all Umeldungen era sinn. De Präis vu 40€ ass boer op der Plaz ze bezuelen, just virum Test. D'Resultater gin 2-4 Wochen nom Test per Bréif matgedeelt. Et gi keng Resultater per mail oder Telefon matgedeelt!

Aschreiwung

Gitt w.e.g. bei der Aschreiwung (op kidstest@mensa.lu) folgend Informatiounen un:

  • Numm, Virnumm,
  • Geschlecht a Gebuertsdatum vum Kand,
  • Genau Adress wou d'Resultat soll hi geschéckt ginn,
  • Numm vun den Elteren, Telefonsnummeren, Handy's Nummer vun dem Elterendeel deen d'Kand bei den Test bréngt,
  • E-Mail Adress vun den Elteren,
  • Mammesprooch vum Kand, an aner Sproochen déi et versteet,
  • D'Nationalitéit vum Kand?
  • Huet et schonn eng Kéier een IQ-Test gemaach?
  • Wa jo, wéini war dat, wellechen Test, a wéi war d'Resultat?
  • Nëtzlech Informatiounen iwwert d'Perséinlechkeet vum Kand (wichteg virun allem fir déi ganz kléng): introvertéiert / extrovertéiert, selbstbewosst / schei, fillt et sech wuel / onwuel op enger neier Plaz, Medikamenter, etc. . All dat kéint Auswierkungen op d'Leeschtung hunn, a mir wëllen him et esou agreabel wéi méiglech maachen.

Zousätzlech Informatiounen: kids@mensa.lu oder um Tel. 691 800 665 .

Dir kënnt do uruffen vun Dënschdes bis Donneschdes no 10 Auer. Déi 2 Woche just virum Test kënnt der vu Méindes bis Donneschdes vun 9 bis 11 Auer do uruffen.

MensaKids & Family ass ee vun de „Special Interest Groups“ (SIGs) vu Mensa Lëtzebuerg a gouf am Joer 2010 vun enger Grupp Eltere vun héichbegaabte Kanner gegrënnt.

Déi Elteren (an heiansdo och de Schoulmeeschter / d'Joffer) hu festgestallt dass dës Kanner anescht agéiert oder reagéiert hunn wéi hir Klassekomeroden, an si wollten d'Ursaachen vun deem ofwäichende Behuelen raus fannen. Fir déijéineg Kanner, bei deenen d'Ursaach an enger Héichbegaabung läit, ass et vun onschätzbarem Wäert aner Kanner kennen ze léieren, déi an der selwechter Situatioun sinn. Bei dëse Renconteren kënnen dann och d'Elteren vun den Erfarungen vun aneren Elteren profitéieren.

MensaKids wëll hinnen eng interaktiv Plattform fir Zesummenaarbecht ubidden.

De Konzept besteet doran, all puer Wochen een Treffen ze organiséieren, an och aner Aktivitéiten: Atelier'en, Workshopen, Besichtegungen, Féierungen, asw.; awer och IQ-Tester fir Kanner, Elterentreffen, Virträg oder Diskussiounsronnen mat Interesséierten an/oder Betraffenen, Léierpersonal, Psychologen, asw.

Är Iddien a Virschléi si wëllkommen

Dir kënnt eis op der E-mail Adress kids@mensa.lu erreechen, oder telefonesch: 691 800 665 Dënschdes bis Donneschdes no 10 Auer (eventuell Puer Mol probéieren), virun den Tester och op all anere Wochendeeg, ausser Freides.

D'Aktivitéite vu MensaKids (Planung an Organisatioun) ginn erméiglecht duerch d'Aarbecht an d'Engagement vu ganz wéinege Benevolen.

MensaKids & Family ist einer der „Special Interest Groups“ (SIGs) von Mensa Luxemburg und wurde im Jahr 2010 von einer Gruppe Eltern hochbegabter Kinder gegründet.

Jene Eltern (manchmal auch der Lehrer / die Lehrerin) stellten fest, dass diese Kinder anders agierten/reagierten als deren Klassenkameraden und wollten die Ursachen dieses abweichenden Verhaltens ergründen. Für diejenigen Kinder, bei denen die Ursache in einer Hochbegabung liegt, ist es von unschätzbarer Wichtigkeit, andere Kinder kennenzulernen, welche in der gleichen Lage sind. Bei diesen Begegnungen können dann auch die Eltern aus den Erfahrungen anderer Eltern Nutzen ziehen.

MensaKids will Ihnen eine interaktive Plattform zur Zusammenarbeit anbieten.

Das Konzept besteht darin, alle paar Wochen ein Treffen zu organisieren, sowie andere Aktivitäten: Ateliers, Workshops, Besichtigungen, Führungen, usw.; aber auch IQ-Tests für Kinder, Elterntreffen, Vorträge oder Diskussionsrunden mit Interessierten und/oder Betroffenen, Lehrpersonal, Psychologen, usw.

Ihre Ideen und Vorschläge sind willkommen

Sie können uns über kids@mensa.lu erreichen, oder telefonisch: 691 800 665 dienstags bis donnerstags ab 10 Uhr (eventuell mehrmals versuchen), vor den Tests auch an allen anderen Tagen, außer freitags.

Die Aktivitäten von MensaKids (Planung und Organisation) werden ermöglicht durch die Arbeit und das Engagement einiger weniger ehrenamtlich Tätiger.

Dësen Test ass fir Kanner vu 6,5 Joer bis 9,5 Joer; Kanner ab 9 Joer kennen den 21. Abrëll 2018 beim Test fir déi Erwuesse matmaachen.

Mensa Lëtzebuerg organiséiert den 26. Mee 2018 tëschent 10 an 12 Auer (je no Altersgrupp) en IQ-Test fir Kanner déi tëschent dem 26. November 2008 an dem 26. November 2011 gebuer sinn, zu Lëtzebuerg, 35 rue de Bonnevoie.

Fir d'Kanner unzemellen, liest w.e.g. den Abschnitt "Aschreiwung" am Haaptartikel. Umellung ass fir de Kannertest obligatoresch. Dir kënnt d'Kanner ab dem 18ten Abrëll 2018 aschreiwen.

Wann dir trotzdem nach Froen hutt: kids@mensa.lu oder Tel: 691 800 665.

Dir kënnt do uruffen Dënschdes bis Donneschdes no 10 Auer (eventuell Puer Mol probéieren), virun den Tester och op all anere Wochendeeg, ausser Freides.