Déi nächst offiziell Tester sinn den 21. Oktober 2023 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 11. November 2023 (Kanner bis 10 Joer)

Dësen IQ-Test ass fir Kanner vu 6 Joer bis 10 Joer; Kanner ab 10 Joer kënnen den 21. Oktober 2023 beim regulären Mensa IQ-Test, deen och fir Erwuessener ass, matmaachen.

Mensa Lëtzebuerg organiséiert den 11. November 2023 tëschent 10 an 12 Auer (je no Altersgrupp) en IQ-Test fir Kanner déi tëschent dem 11. November 2013 an dem 11. November 2017 gebuer sinn, zu Lëtzebuerg, 1 rue Saint Joseph.

OBLIGATORESCH UMELDUNG nëmme gëlteg als: ONLINE Aschreiwung op: kidstest@mensa.lu (ab dem 27. September 2023)

DE FORMULAR muss den Dag vum Test bei der Receptioun ausgefëllt oder ofgeliwwert ginn!

Wann dir nach Froen hutt: kidstest@mensa.lu .