Wee vun iech kann oder wëll eng Aktivitéit oder en Treffen organiséieren?
MENSAKIDS ass jo als INTERAKTIV PLATTFORM geduecht, fir mateneen ze schaffen, ze schwätzen an ze organiséieren. Vläicht kënne mir/dir jo elo mol domat ufänken?
D'Iddi ass, all puer Wochen e Kanner/Elteren-Treffen ze organiséieren, och op anere Wochendeeg an op anere Plazen.
Well mir bei de MensaKids Aktivitéiten d'Erfarung gemaach hunn, datt héichbegaabt Kanner nawell séier Kontakt ënnerenee kréien, ass dat eng gutt Geleeënheet fir sech ënnerenee kennen ze léieren.
D'Elteren hu gläichzäiteg d'Geleeënheet, fir mateneen ze schwätzen an Erfarungen ze deelen.
Et wär och flott fir déi Kanner, déi net fort sinn, wann Aktivitéiten an der Vakanz wären.
Frot mol är Kanner, si hu bestëmmt Iddien!
Ech/mir waarden op är Proposen!
All Iddi op: mensakids@mensa.lu