Déi nächst offiziell Tester sinn de 5. Oktober 2019 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 9. November 2019 (Kanner bis 9½ Joer)

Léiw Mensakids,
Léiw Elteren,

Eis Aktivitéit den 18. November:

Mir proposéieren zesummen mam Dampzuch bei de Kleeschen ze fueren!

De Kleesche ass den 18. November zu Fond de Gras an der Hal an deelt do Titercher aus un déi brav Kanner, während d'Elteren do gemittlech bei Kaffi a Kuch kennen zesumme poteren.
(Et gëtt och nach soss munches ze kucken an z'iessen (Fritten etc))

Mir fueren dofir zesumme vu Péiteng aus mam Dampzuch op Fond de Gras, vläicht kréie mir erëm e Waggon fir Mensakids reservéiert, an och reservéiert Dëscher an der Hal.

RENDEZ VOUS ass tëschent 13 Auer an 13.10 Auer um Quai vum Dampzuch zu Péiteng, (rue de Niedercorn, CR175) wou mir d'Billjee kréien.
Retour ab 16.30 mam Zuch vu Fond de Gras aus.

Wann dir wellt matgoen, mellt iech w.e.g. bis den 8. Oktober un op: inscription@mensa.lu  mat dësen Informatiounen:
Ären Numm
Aktivitéit: train 1900,
wéivill Erwuessener/Kanner
NUMM an ALTER VUN DE KANNER

Präisser:
Kanner bis 4 Joer gratis (ouni Tiitchen!)
Kanner bis 4 Joer 8€ (Tiitchen)
Kanner 5-11 Joer 15€ (Zuch an Tiitchen)
(Kanner 5-11 Joer, ouni Tiitchen: 8€)
All ab 12 Joer: 11€ (Zuch, ouni Tiitchen)

Mensa Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Part vun hire Memberen.
(Member = Cotisatioun Mensa 2017 bezuelt (Memberskaart))

All déi aner sollen hir Part/Präis w.e.g. bis de 15. Oktober, mat den Detailer vun de Beträg, iwwerweisen op de Kont:

LU19 0019 1300 3966 5000 bei BCEE
vu Mensa Lëtzebuerg
Merci

Nëmme wien am Delai bezuelt huet ass ugemellt!

Hei nach eng Kéier d'Präisser:

00€     Mensa Memberen
08€     Kanner bis 4 Joer (Tiitchen)
15€     Kanner 5-11 Joer (Zuch an Tiitchen)
08€     Kanner 5-11 Joer déi keng Tiitche wëllen
11€     All déi aner    (Zuch)


Andrée
Vice-Présidente Mensa Lëtzebuerg
Coordinatrice Mensakids

PS:Jiddereen dee matgeet mecht daat ob seng eege Verantwortung!
Rembourséiere kenne mir nemme wann en aaneren an ärer Plaatz matgeet!!