Déi nächst offiziell Tester sinn de 25. Abrëll 2020 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 23. Mee 2020 (Kanner bis 9½ Joer)

Léiw Mensakids,

MENSA - SPILLMETTECH  :-)

MENSA Lëtzebuerg invitéiert Mensakids op hiren traditionelle SPILLMETTECH fir GROUSS A KLENG, JONK AN AAL, an déi dertëschent,
mat Gesellschafts-Spiller a "CASSE-TÊTES"!

Dir fannt eis Samschdes, den 28. Januar 2017, tëschent 2.15 a 6 Auer am
Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents
Jidderee kann do seng coolste Gesellschafts- a Logikspiller matbréngen.
Kuch (oder sou) ass och wëllkomm.
Et muss een net de ganze Mëtteg do sinn, awer ech warnen iech: et fält schwéier fir éischter fort ze goen!

Dir kennt iech w.e.g. bei inscription@mensa.lu umellen, datt mir eis kenne riichten. Merci.

MENSAKIDS – ELTERENTREFF  :-)

Dee Spillmëtteg ass och eng gutt Geleeënheet fir (bei Kaffi a Kuch) mat eise Benevolen an och mat aneren Elteren ze schwätzen a sech eventuell Bicher zum Thema unzekucken.

PERMANENCE  :-)

28. Januar 2017, tëschent 15h a 16.30h am
Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents
Fir d'Permanence onbedéngt umellen: inscription@mensa.lu, Betreff: Permanence! Merci

Andrée,
Vize-Presidentin Mensa Lëtzebuerg
Coordinatrice Mensakids

PS: Déi vun iech déi Member sinn, kréien och eng Invitatioun vu Mensa.