Déi nächst offiziell Tester sinn de 5. Oktober 2019 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 9. November 2019 (Kanner bis 9½ Joer)

Léiw Eltere vu Mensakids,

Des Aktivitéit fällt da mol dest Joer an d'Waasser wénst Mangel un Intressi (1 Äntwert bei 350 mailadressen!)
Da kann ech och a mäi Cours goen anstatt ze schwänzen

Annulé pour manque d'intérèt (1 réponse)

Link fir wann awer ee well dohi goen.
lien si qq veut aller en privé

http://minettpark.lu/fra/evenements/13_trains-de-la-saint-nicolas


Andrée
Vize Presidentin Mensa Letzebuerg
Coordinatrice Mensakids


8.10. IQ-Test 9-99 Joer
12.11. IQ-Test 6,5-9.5 Joer

MENSA LËTZEBUERG invitéiert op en

Informatiouns an Diskussiouns-Owend zum Thema IWWERSPRANGEN

Mëttwochs, de 6. Juni 2018 um 19.30 Auer
zu Zéisseng am Centre Culturel
Adress: 1, rue St Joseph
L-1838 Cessange (nieft der Kierch; Bus Nr 4)

Invitéiert sinn:

  • Elteren fir déi den Thema "IWWERSPRANGEN ODER NET" aktuell ass
  • Elteren déi hir Erfarung kenne weider ginn
  • Jugendlecher, wa se wëllen iwwer hier Erfarung domat schwätzen
  • Persounen aus der Educatioun déi mam Thema ze dinn hunn,
  • oder schonn haten,
  • oder einfach drun intresséiert sinn
  • Jofferen aus de Spillschoul déi Kanner an der Klass hunn déi méi an aner Saache kennen oder wësse wéi déi aner Kanner
  • All Persounen déi um Thema intresséiert sinn


Mir soen iech am Viraus Merci fir är Präsenz, fir är Informatiounen an Erfarungen, déi de Famillen, déi momentan betraff sinn, kennen hëllefen déi fir si richteg Decisioun ze huelen


Mellt iech w.e.g. bis den 31. Mee op inscriptions@mensa.lu un. Merci
Den Entrée ass fräi


Andrée
mensa.lu

A Frankräich ass de "saut-de-classe" och en Thema,
hei ass de Link dozou:

http://etudiant.lefigaro.fr/article/monique-de-kermadec-le-saut-de-classe-ne-peut-etre-l-unique-reponse-a-la-precocite-_27345b82-42e5-11e8-ad7a-1b7da48f683b/ <http://etudiant.lefigaro.fr/article/monique-de-kermadec-le-saut-de-classe-ne-peut-etre-l-unique-reponse-a-la-precocite-_27345b82-42e5-11e8-ad7a-1b7da48f683b/>

ELTERENTREFF
vun 10 - 11.30 Auer
de 07. Mee 2016
35, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg-Bonnevoie
(gratis an onverbindlech)

ELTERENTREFF
vun 10 - 11.30 Auer
den 23. Abrell 2016
35, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg-Bonnevoie
(gratis an onverbindlech)

Léiw Mensaner,
Léiw Frënn vu Mensakids,

Mensa Lëtzebuerg organiséiert zesumme mat Alli a.s.b.l. (Association luxembourgeoise pour la liberté d'instruction) eng Informatiounsversammlung iwwer éducation à domicile (homeschooling) zu Lëtzebuerg;
Freides, den 18. Mäerz 2016 um 19.30 op 167, rue de Trèves, Lëtzebuerg-Cents.

D'Madame Zago gëtt d'Erklärunge vir d'éischt op franséisch, duerno kann et mat Froen/Äntwerten op lëtzebuergesch weider goen.

Entree ass fräi.
Well d'Platze begrenzt sinn, mellt iech w.e.g. op inscriptions@mensa.lu un. Merci

Léiw Mensakids,
Léiw Elteren a Frënn vu Mensakids,


Well der ugangs Januar sou vill vun iech krank waren, hunn d'Leit vum CAPEL eis en NEIEN TERMIN gi fir den ATELIER MAM ÄISBIER an zwar:
Dënschdes, den 3. FEBRUAR 2015
14.30-16.00h an der Stad an der Millebaach:
CAPEL
10, rue de l'école, L-1454 Luxembourg

WAT ASS LASS MAM KLIMA?
Et héiert een esou vill driwwer schwätzen: Ass eist Klima villäicht krank a wa jo, firwat? A wat ass „Klima“ iwwerhaapt?
Zesumme kënne mir dëse Froen op de Fong goen an no Äntwerte sichen.
Zesumme wëlle mer och erausfannen, wat mir selwer fir eist Klima maache kënnen, a mir probéieren op engem "Klimadësch" aus, wéi mer d'Klima beaflossen.
Am Kader vum Projet kënnen d'Kanner um "KLIMADESCH" op eng ganz visuell Manéier erfuerschen, wéi héich den Afloss vum Mënsch op de Klima an domat d'Natur ass, a wat eng ze héich Äerderwäermung fir Konsequenzen huet.

Wee wëll matmaache soll sech w.e.g. séier op inscription@mensa.lu umellen, datt mir kënne Bescheed soen.

SG, Andrée
Mensakids

Wéi ëmmer: jiddereen de matmécht, mécht dat op seng eege Verantwortung.

02.01.
Atelier, Casino Lux
17.01.
Atelier Papertoys, Nidderaanwen
20.01.
Expo Benachb-ART Nidderaanwen
03.02
Atelier mam Äisbier, Lux
7.02., 14:00:
Spillnomëtten (Gesellschafts- a Strategiespiller), Centre sociétaire Cents ("schwaarzt Haus")
28.02.:
Lego Atelier, Bieles
07.03.:
Mathematik-Ausstellung, Tréier (bis 1.3.)
26.03.:
Skizz a Bizz, Nidderaanwen
28.03.:
Lego Atelier, Bieles
02.04.:
Skizz a Bizz, Nidderaanwen
04.04.
Workshop mat Geessen, Naturpark Südeifel (D)
09.04.:
Bei/mat de Geessen, Ernzen(D) (bei Iechternach)
11.04.
Visite mam/vum Fonds Kierchberg, Lux
25.04.:
IQ-Test ab 9 Joer, Lëtz.
02.05.
GC Ghostbusters, Lampech
09.05.:
IQ-Test vun 6,5 bis 9,5 Joer (inscr. ab 25.3)
24.05-25.05, 10-19h
KonschTour, Veinen
31.05, 10.30-18h
LERNFEST, WËNTGER
03.06, 17h
Léierpad Biodiversitéit, Stad
03.06, 20h
Elterentreff, Kulturhaus Miersch
06.06.
Kannertheater-workshop, Kockelscheuer
07.06
Wat bréit an der Schlammwiss, Iwwersyren
17.06.15, 18h
Orchideen am Arboretum Kierchbierg
02.07.
Expo YoungArt, Galerie BCEE Am Tunnel, Letzebuerg
24.07.
Nomettech mat den Ieselen, Lampech
16.08.
Päiperlecksgaart Grevenmacher
13.09.
Buerfousswee, Medernach
13.09.
Panda-Club Familgefest, Letzebuerg
03.10.:
IQ-Test ab 9 Joer, Lëtz.
24.10.
GC, Berbourg, (annuléiert wéinst Klappjuegd)
27.10.
Konferenz Rückkehr des Wolfs.....Rood/Syr
07.11.:
IQ-Test vun 6,5 bis 9,5 Joer
14.11.-15.11.:
Science Festival, Letzebuerg
21.11.
Train 1900 a Kleeschen, Péiteng
23.12.
Atelier Choko, Musee, Stad
3.1.14 mueres
am Naturmusée: Entdeckungsrees bei d'Indianer; Elterentreff an der Cafeteria vum Musée (wa se op ass)
20.2.14
am Musée Tudor, zu Rosport: Atelier mat Experimenter iwwer Energie
11.3.14 Nomëttes
Besuch bei de Beruffspompjeeën Dënschdes den 11. Mäerz. Mir hunn um hallwer 3 RV (zu Fouss) bei der Barrière nieft dem Pompjeesgebäi op der Areler Strooss an der Stad. inscription@mensa.lu
3.4.14
zu Dikkerech: Zuelen, Gaming & Co.
5.4.14
Mensa IQ Test, 9-99 Joer; Info 9 - 14 Joer: Mensakids
19.6.14, 14:30
Visite beim Biobauer um Kasshaff Participatioun: 6€/Kand, 2€/Erwuessener Member Mensa: gratis. inscription@mensa.lu
08/07
Spillmëtteg beim Pirateschëff, Park Lux-Ville
17/07
Ausstellung: Emol Scout, ëmmer Scout, Postmusée Lux-Gare
20/07
Visite um internationale Scoutscamp, Lux-Kierchbierg
26/07
Kanner in the City, Lux-Ville
06/08
Safari fir Kanner, Stad
29/08
Vitarium, Bissen
18.10.
rencontre Anpeip, Groushetteng (F)
21.10.
Schokelasfabrik, Bissen
30.10.
Schreibwerkstatt, Miersch
04.11.
RTL, Lux (ausgebucht!)
08.11.
Kidstest. Lux
22.11.
Train 1900, Péiteng
16.12.
psst.. hannert de Kulissen, Miersch

Wéi dir bestemmt gemierkt hutt, hu mir momentan ee gudd gefëllte Programm!
Fir datt mir weiderhin sou flott Saache fir d'Kanner kennen organiséieren, freeë mer eis iwwert all Iddi oder Virschlag vun Iech.
Oder huet ärt Kand villäischt e spezielle Wonsch fir eng Aktivitéit?
Da soot eis Beschéed!

Merci fir äre Feedback!

D'Equipp vu Mensakids
mensakids@mensa.lu

Gudde Mëtteg Alleguerten,

Mir wollten iech just soen datt:

am: Train 1900  22/11/14 (mail vum 14/10)

am: Atelier "Pssst" 16/12/2014 (mail vum 16/10)

all Kéiers just nach e puer Plaze fräi sinn.

Fir den Zuch muss ech hinnen nächst Woch Bescheed soen.

Léiw Mensakids,

Geocaching am Schlasspark Aansebuerg, de 25. Oktober 14 (GC5c7xq )(Informatiounen op geocaching.com)

Mir géingen eis dann um véierel op 2 bei der Entrée vum Park treffen, ech weess (och) net wou déi ass, war nach nie do.
Da gi mir zesummen de Schatz sichen, dofir musse mir awer ënnerwee verschiddenes zielen an och rechnen fir d'Kescht ze fannen.

Wann dir eppes aus der Këscht wëllt tauschen, huelt eppes aneres klenges mat fir dran ze leeën, anscheinend ass d'Schatzkëscht zimlech kleng.

Ween e GPS huet kann dee mathuelen.

Andrée
Mensakids

PS: Wee matgeet, mech dat op seng eege Verantwortung.
PPS: Wann et ze vill reent, fält d'Aktivitéit an d'Waasser.

ELTERENTREFF  10. Mee 2014
35, rue de Bonnevoie,L-1260 Letzebuerg
teschend 10 an 11.30 Auer, wärend de Kannertester
Do hun d'Eltere Geleenheet, mat aaneren Elteren an eise Benevolen ze
schwätzen a sech Bicher zum Thema unzekucken.
Och déi Eltere wou d'Kanner net am Test setzen si wellkomm!
Hei brauch ee sech net unzemellen.

10. Mee 2014
IQ-TEST fir Kanner vu 6,5 - 9,5 Joer
(gebuer teschent 10.11.2004 an 10.11.2007)
Adress: 35, rue de Bonnevoie, L-1260 Letzebuerg
Ufank: 10 Auer fir deen 1. Grupp.
Rezeptioun: 9.30
Präis: 40€, op der Plaatz ze bezuelen.
UMELLEN: NEMMEN op: mensakids@mensa.lu, virum 7. Mee.
Wichteg: all néideg Informatione fir d'Inscription an den Test
stin op www.mensa.lu/kids

IQ-TEST fir Kanner vun 9-14 Joer an Erwuessener
Datum: 5. Abrell 2014
Adress: 35, rue de Bonnevoie, L-1260 Letzebuerg
Ufank: 10 Auer. Recptioun: 9.30
Dauer: Jonker ca 1 Stonn, Adultes 2 Stonnen.
Formulaire d'Inscriptioun: op der Plaatz ausfellen
Präis: 40€, op der Plaatz ze bezuelen

5. Abrell: ELTERENTREFF och mat eise "Benevolen".
35, rue de Bonnevoie, L-1260 Letzebuerg
ca 10 - 11.30 Auer
och fir Elteren wou d'Kanner net am Test sin!

Donneschdes, 3. Abrëll,   Zahlen, Gaming & Co
Den Computarium vum Dikricher Kolléisch ass eng grouss Sammlung an Ausstellung vun ale Rechemaschinnen, Computeren an och elektroneschen Spiller.

Während der Visite kréien mir Erklärungen vun der Ausstellung wou och eenzel Sachen laafe gelooss gin. Duerno kréien mer aal mechanesch Rechenmaschinnen (Zahlenschieber) erklärt an zum Schluss hun d'Kanner d'Méiglechkéet fir op aalen elektroneschen Spiller aus den 70erJoeren ze spillen.
Vu 14-16 Auer am Dikricher Kolléisch, Präis 3€
Umellen op: inscription@mensa.lu

Wat ass Energie?

No enger Visite vun der Ausstellung vum Musée Tudor maache mir unhand vun engem modulablen Auto e puer elektresch Experimenter mat elektreschen Energieméiglechkeeten. Duerno kucken mir wat déi fossil Energien sinn an wat et vun Alternativen dozou gëtt.

Dat ganzt dauert ongeféier 3 Stonnen an kascht 8€ plus 5€ pro Kand wann se een Auto wëlle mathuelen.

Et fënnt statt Donnechdes, den 20.2.14, vu 14-17 Auer

Umellen op inscription@mensa.lu

 

IQ-Test den 12. Oktober 2013
fir Leit vun 9-99 Joer

Adress: 35, rue de Bonnevoie.L-1260 Lëtzebuerg
Ufank: 10 Auer
Dauer: 2 Stonne fir Erwuessener,
1 Stonn fir déi Jonk vun 9-14 Joer
Receptioun/Keess ab 9.30 Auer
Präis: 40€, op der Plaatz ze bezuelen
Formulaire d'Inscription ausfëllen

Invitatioun Aktivitéit Mensakids

Léif Frënn vu Mensakids,

Op mäin Appel hin huet d'Mama vum Louis sech gemellt mat der Propose fir e Kanner-an Elterentreff e Mëttwoch, de 24. Juli, ab 3 Auer zu Märel am Park Schéiwisschen, beim Schlass. (rue Charlemagne, L-1328)

Bus: 6 a 7, Statioun: Merl/Orval.

Et wär flott wa mir wéissten datt mir net eleng do stinn. Merci

Jiddereen dee matgeet, mécht dat (wéi ëmmer) op seng eege Verantwortung.

 

Fir Mensakids

Andrée a Giny

 

All déi aner kenne sech jo och scho mol Gedanke fir deen nächste RV maache w.e.g.

Fir är Proposen: mensakids@mensa.lu

 

www.mensa.lu/kids

26.01
Spillmettech Cents, Lux, (MENSA)&(KIDS)
09.03
IQ Kidstest, Lux
09.03
Elterentreff, Lux
06.04
Legowee, Geocache
20.04
Elterentreff
05.05
Kids-an Elterentreff, Piratescheff, Park Lux
02.06
Kids-an Elterentreff, Lernfest Mamer
24.07
Kids-an Elterentreff Spillplatz Märel, Lux
15.08
Fahrt mam Solarboot, Insenborn
31.08
Kids-an Elterentreff, Baambesch, Lux
15.09
Familgendaag, Beetebuerger Park (MENSA)&(KIDS)
12.10
Elterentreff
09.11
KIDSTEST
09.11
Elterentreff
23.11
Zuch 1900 (MENSA)&(KIDS)

Léiw Mensakids,
Léiw Elteren,

Eis Aktivitéit den 18. November:

Mir proposéieren zesummen mam Dampzuch bei de Kleeschen ze fueren!

De Kleesche ass den 18. November zu Fond de Gras an der Hal an deelt do Titercher aus un déi brav Kanner, während d'Elteren do gemittlech bei Kaffi a Kuch kennen zesumme poteren.
(Et gëtt och nach soss munches ze kucken an z'iessen (Fritten etc))

Mir fueren dofir zesumme vu Péiteng aus mam Dampzuch op Fond de Gras, vläicht kréie mir erëm e Waggon fir Mensakids reservéiert, an och reservéiert Dëscher an der Hal.

RENDEZ VOUS ass tëschent 13 Auer an 13.10 Auer um Quai vum Dampzuch zu Péiteng, (rue de Niedercorn, CR175) wou mir d'Billjee kréien.
Retour ab 16.30 mam Zuch vu Fond de Gras aus.

Wann dir wellt matgoen, mellt iech w.e.g. bis den 8. Oktober un op: inscription@mensa.lu  mat dësen Informatiounen:
Ären Numm
Aktivitéit: train 1900,
wéivill Erwuessener/Kanner
NUMM an ALTER VUN DE KANNER

Präisser:
Kanner bis 4 Joer gratis (ouni Tiitchen!)
Kanner bis 4 Joer 8€ (Tiitchen)
Kanner 5-11 Joer 15€ (Zuch an Tiitchen)
(Kanner 5-11 Joer, ouni Tiitchen: 8€)
All ab 12 Joer: 11€ (Zuch, ouni Tiitchen)

Mensa Lëtzebuerg iwwerhëlt d'Part vun hire Memberen.
(Member = Cotisatioun Mensa 2017 bezuelt (Memberskaart))

All déi aner sollen hir Part/Präis w.e.g. bis de 15. Oktober, mat den Detailer vun de Beträg, iwwerweisen op de Kont:

LU19 0019 1300 3966 5000 bei BCEE
vu Mensa Lëtzebuerg
Merci

Nëmme wien am Delai bezuelt huet ass ugemellt!

Hei nach eng Kéier d'Präisser:

00€     Mensa Memberen
08€     Kanner bis 4 Joer (Tiitchen)
15€     Kanner 5-11 Joer (Zuch an Tiitchen)
08€     Kanner 5-11 Joer déi keng Tiitche wëllen
11€     All déi aner    (Zuch)


Andrée
Vice-Présidente Mensa Lëtzebuerg
Coordinatrice Mensakids

PS:Jiddereen dee matgeet mecht daat ob seng eege Verantwortung!
Rembourséiere kenne mir nemme wann en aaneren an ärer Plaatz matgeet!!

Léiw Mensakids,

MENSA - SPILLMETTECH  :-)

MENSA Lëtzebuerg invitéiert Mensakids op hiren traditionelle SPILLMETTECH fir GROUSS A KLENG, JONK AN AAL, an déi dertëschent,
mat Gesellschafts-Spiller a "CASSE-TÊTES"!

Dir fannt eis Samschdes, den 28. Januar 2017, tëschent 2.15 a 6 Auer am
Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents
Jidderee kann do seng coolste Gesellschafts- a Logikspiller matbréngen.
Kuch (oder sou) ass och wëllkomm.
Et muss een net de ganze Mëtteg do sinn, awer ech warnen iech: et fält schwéier fir éischter fort ze goen!

Dir kennt iech w.e.g. bei inscription@mensa.lu umellen, datt mir eis kenne riichten. Merci.

MENSAKIDS – ELTERENTREFF  :-)

Dee Spillmëtteg ass och eng gutt Geleeënheet fir (bei Kaffi a Kuch) mat eise Benevolen an och mat aneren Elteren ze schwätzen a sech eventuell Bicher zum Thema unzekucken.

PERMANENCE  :-)

28. Januar 2017, tëschent 15h a 16.30h am
Centre Sociétaire, 167, route de Trèves, L-2630, Lëtzebuerg-Cents
Fir d'Permanence onbedéngt umellen: inscription@mensa.lu, Betreff: Permanence! Merci

Andrée,
Vize-Presidentin Mensa Lëtzebuerg
Coordinatrice Mensakids

PS: Déi vun iech déi Member sinn, kréien och eng Invitatioun vu Mensa.

Aktivitéiten 2016 MENSAKIDS wou och NET-MEMBERE konnte matmachen

09.01. Geocaching@night, Ellergronn
30.01. Spillmettech, Lux-Cents
13.02. Postmusee Lux
18.03. Konferenz Homeschooling, Lux
23.04. Mensa-Test, Lux
23.04. Elterentreff, Lux
01.05, Esch Galgebierg
07.05. Mensa-Kids-Test, Lux
07.05. Elterentreff, Lux
28.06. Let the Music play, Berbourg
01.07. Initiation Bitzen, Strecken heckelen, Lux
06.07. Permanence, Lux
24.07. Treppeltour
12.08. Stäreschnäizen beobachten, Beidweiler
18.08. Visite SIS, Pompjeen Findel
21.08: Sentier des Passeurs, Clervaux
27.08. Joule Thief workshop, Lux
01.09. Maislabyrint Limpach
14.09. Permanence, Lux
18.09. Biog-Molkerei, Kärjeng
02.10. Vogelberingung, Iwwersyren
08.10. Mensa-Test, Lux
08.10. Elterentreff, Lux
11.10. Permanence
12.11. Mensa-Kids-Test, Lux
12.11. Elterentreff, Lux
26.11. Playgirls&Gameboys, Lux

Mensa/Mensakids hun och do delgeholl/matgemach:

09/10.01. EXPO Creativ Messe an der LuxExpo
15/16.05. Veianer KonschTour
28.05. DIY-Festival, Lux
21.10. Konferenz ADHS, Walfer
21.11. Ofschlossbericht Ombutscomite fir d'Rechter vum Kand
03.12. Wissenschafts-Workshops OCH FIR KANNER, Belval

Train 1900 ofgesot wéinst net genuch Umeldungen am Delai.
Een Treppeltour ofgesot wéinst Klappjuegt

Intresséiert dir iech fir Lego?

De Lego-Club huet den 28. Mäerz vu 15-17 Auer fir en Atelier/Workshop mat Mensakids reservéiert, zu Bieles, am Gebai vun der Maison Relais.

Fir deen Atelier kenn dir wielen tëschent: Lego City, Friends, Creator, Technik, Star Wars.
De Präis ass 20€/Kand, dir krit dofir awer herno entspriechend Lego mat heem.
Mellt iech/är Kanner w.e.g bis de 15. Mäerz ob inscription@mensa.lu un, mat Numm, Virnumm, Alter vun all Kand, a fir wellechen Thema et sech intresséiert, datt fir all Kand dat richtegt Material do ass. Merci

Bei méi Umeldunge wéi Platze gelt: Prioritéit fir d'Memberen an hir Geschwëster. An deem Fall kenne mir en zousätzleche RV froen. Bei méi klenge Kanner kennen d'Elteren eventuell "assistéieren".

Andrée
Coordinatrice MensaKids
mensa.lu


 LEGO ATELIER
 Samschdes, 28. Mäerz, 15-17Auer
 rue du Stade, Bieles
 20€/Kand, ob der Plaatz ze bezuelen.

NEI - Sonndes, 9. März   3D-Atelier
Auf den Spuren der illusionistischen Wahrnehmung in 3 Dimensionen gestalten Schüler und Schülerinnen stereoskopische Zeichnungen und dazu passende 3D Brillen.
Vun 15-17 Auer am Casino d'Art Contemporain an der Stad, Präis: 6€ fir Mensa-Member, 8€ fir Net-Member
Umellen op: inscription@mensa.lu