Déi nächst IQ Tester sinn den 21. Oktober 2023 (offiziellen Test fir Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 11. November 2023 (Kanner bis 10 Joer)

Léiw Mensakids,
Léiw Elteren a Frënn vu Mensakids,

Well der ugangs Januar sou vill vun iech krank waren, hunn d'Leit vum CAPEL eis en NEIEN TERMIN gi fir den ATELIER MAM ÄISBIER an zwar:
Dënschdes, den 3. FEBRUAR 2015
14.30-16.00h an der Stad an der Millebaach:
CAPEL
10, rue de l'école, L-1454 Luxembourg

WAT ASS LASS MAM KLIMA?
Et héiert een esou vill driwwer schwätzen: Ass eist Klima villäicht krank a wa jo, firwat? A wat ass „Klima“ iwwerhaapt?
Zesumme kënne mir dëse Froen op de Fong goen an no Äntwerte sichen.
Zesumme wëlle mer och erausfannen, wat mir selwer fir eist Klima maache kënnen, a mir probéieren op engem "Klimadësch" aus, wéi mer d'Klima beaflossen.
Am Kader vum Projet kënnen d'Kanner um "KLIMADESCH" op eng ganz visuell Manéier erfuerschen, wéi héich den Afloss vum Mënsch op de Klima an domat d'Natur ass, a wat eng ze héich Äerderwäermung fir Konsequenzen huet.

Wee wëll matmaache soll sech w.e.g. séier op inscription@mensa.lu umellen, datt mir kënne Bescheed soen.

SG, Andrée
Mensakids

Wéi ëmmer: jiddereen de matmécht, mécht dat op seng eege Verantwortung.