Déi nächst IQ Tester sinn den 21. Oktober 2023 (offiziellen Test fir Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 11. November 2023 (Kanner bis 10 Joer)

Léiw Mensakids,

Geocaching am Schlasspark Aansebuerg, de 25. Oktober 14 (GC5c7xq )(Informatiounen op geocaching.com)

Mir géingen eis dann um véierel op 2 bei der Entrée vum Park treffen, ech weess (och) net wou déi ass, war nach nie do.
Da gi mir zesummen de Schatz sichen, dofir musse mir awer ënnerwee verschiddenes zielen an och rechnen fir d'Kescht ze fannen.

Wann dir eppes aus der Këscht wëllt tauschen, huelt eppes aneres klenges mat fir dran ze leeën, anscheinend ass d'Schatzkëscht zimlech kleng.

Ween e GPS huet kann dee mathuelen.

Andrée
Mensakids

PS: Wee matgeet, mech dat op seng eege Verantwortung.
PPS: Wann et ze vill reent, fält d'Aktivitéit an d'Waasser.