Déi nächst offiziell Tester sinn den 21. Oktober 2023 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 11. November 2023 (Kanner bis 10 Joer)
Train 1900, Kleeschen, den 19. November....
Léiw Eltere vu Mensakids,
Des Aktivitéit fällt da mol dest Joer an d'Waasser wénst Mangel un Intressi (1 Äntwert bei 350 mailadressen!)
Da kann ech och a mäi Cours goen anstatt ze schwänzen
Annulé pour manque d'intérèt (1 réponse)
Link fir wann awer ee well dohi goen.
lien si qq veut aller en privé
http://minettpark.lu/fra/evenements/13_trains-de-la-saint-nicolas
Andrée
Vize Presidentin Mensa Letzebuerg
Coordinatrice Mensakids
8.10. IQ-Test 9-99 Joer
12.11. IQ-Test 6,5-9.5 Joer
- Détails
ELTERENTREFF
ELTERENTREFF
vun 10 - 11.30 Auer
de 07. Mee 2016
35, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg-Bonnevoie
(gratis an onverbindlech)
- Détails
EDUCATION A DOMICILE - HOMESCHOOLING
Léiw Mensaner,
Léiw Frënn vu Mensakids,
Mensa Lëtzebuerg organiséiert zesumme mat Alli a.s.b.l. (Association luxembourgeoise pour la liberté d'instruction) eng Informatiounsversammlung iwwer éducation à domicile (homeschooling) zu Lëtzebuerg;
Freides, den 18. Mäerz 2016 um 19.30 op 167, rue de Trèves, Lëtzebuerg-Cents.
D'Madame Zago gëtt d'Erklärunge vir d'éischt op franséisch, duerno kann et mat Froen/Äntwerten op lëtzebuergesch weider goen.
Entrée ass fräi.
Well d'Plaze begrenzt sinn, mellt iech w.e.g. op inscriptions@mensa.lu un. Merci
- Détails
Atelier man Äisbier, Klimadesch
Léiw Mensakids,
Léiw Elteren a Frënn vu Mensakids,
Well der ugangs Januar sou vill vun iech krank waren, hunn d'Leit vum CAPEL eis en NEIEN TERMIN gi fir den ATELIER MAM ÄISBIER an zwar:
Dënschdes, den 3. FEBRUAR 2015
14.30-16.00h an der Stad an der Millebaach:
CAPEL
10, rue de l'école, L-1454 Luxembourg
WAT ASS LASS MAM KLIMA?
Et héiert een esou vill driwwer schwätzen: Ass eist Klima villäicht krank a wa jo, firwat? A wat ass „Klima“ iwwerhaapt?
Zesumme kënne mir dëse Froen op de Fong goen an no Äntwerte sichen.
Zesumme wëlle mer och erausfannen, wat mir selwer fir eist Klima maache kënnen, a mir probéieren op engem "Klimadësch" aus, wéi mer d'Klima beaflossen.
Am Kader vum Projet kënnen d'Kanner um "KLIMADESCH" op eng ganz visuell Manéier erfuerschen, wéi héich den Afloss vum Mënsch op de Klima an domat d'Natur ass, a wat eng ze héich Äerderwäermung fir Konsequenzen huet.
Wee wëll matmaache soll sech w.e.g. séier op inscription@mensa.lu umellen, datt mir kënne Bescheed soen.
SG, Andrée
Mensakids
Wéi ëmmer: jiddereen de matmécht, mécht dat op seng eege Verantwortung.
- Détails
Opruff
Wéi dir bestëmmt gemierkt hutt, hu mir momentan ee gutt gefëllte Programm!
Fir datt mir weiderhin sou flott Saache fir d'Kanner kennen organiséieren, freeë mer eis iwwert all Iddi oder Virschlag vun Iech.
Oder huet äert Kand villäicht e spezielle Wonsch fir eng Aktivitéit?
Da sot eis Bescheed!
Merci fir äre Feedback!
D'Equipp vu Mensakids
mensakids@mensa.lu
- Détails
Geocaching am Schlasspark Aansebuerg
Léiw Mensakids,
Geocaching am Schlasspark Aansebuerg, de 25. Oktober 14 (GC5c7xq )(Informatiounen op geocaching.com)
Mir géingen eis dann um véierel op 2 bei der Entrée vum Park treffen, ech weess (och) net wou déi ass, war nach nie do.
Da gi mir zesummen de Schatz sichen, dofir musse mir awer ënnerwee verschiddenes zielen an och rechnen fir d'Kescht ze fannen.
Wann dir eppes aus der Këscht wëllt tauschen, huelt eppes aneres klenges mat fir dran ze leeën, anscheinend ass d'Schatzkëscht zimlech kleng.
Ween e GPS huet kann dee mathuelen.
Andrée
Mensakids
PS: Wee matgeet, mech dat op seng eege Verantwortung.
PPS: Wann et ze vill reent, fält d'Aktivitéit an d'Waasser.
- Détails
IQ-TEST fir Kanner vu 6,5 - 9,5 Joer
10. Mee 2014
IQ-TEST fir Kanner vu 6,5 - 9,5 Joer
(gebuer tëschent 10.11.2004 an 10.11.2007)
Adress: 35, rue de Bonnevoie, L-1260 Lëtzebuerg
Ufank: 10 Auer fir deen 1. Grupp.
Receptioun: 9.30
Präis: 40€, op der Plaz ze bezuelen.
UMELLEN: NËMMEN op: mensakids@mensa.lu, virum 7. Mee.
Wichteg: all néideg Informatioune fir d'Inscriptioun an den Test
stinn op www.mensa.lu/kids
- Détails
IQ-TEST fir Kanner vun 9-14 Joer an Erwuessener
IQ-TEST fir Kanner vun 9-14 Joer an Erwuessener
Datum: 5. Abrëll 2014
Adress: 35, rue de Bonnevoie, L-1260 Letzebuerg
Ufank: 10 Auer. Receptioun: 9.30
Dauer: Jonker ca 1 Stonn, Adultes 2 Stonnen.
Formulaire d'Inscriptioun: op der Plaz ausfëllen
Präis: 40€, op der Plaz ze bezuelen
- Détails
IQ-Test den 12. Oktober 2013
IQ-Test den 12. Oktober 2013
fir Leit vun 9-99 Joer
Adress: 35, rue de Bonnevoie.L-1260 Lëtzebuerg
Ufank: 10 Auer
Dauer: 2 Stonne fir Erwuessener,
1 Stonn fir déi Jonk vun 9-14 Joer
Receptioun/Keess ab 9.30 Auer
Präis: 40€, op der Plaz ze bezuelen
Formulaire d'Inscriptioun ausfëllen
- Détails
Activitéit Juli
Invitatioun Aktivitéit Mensakids
Léif Frënn vu Mensakids,
Op mäin Appel hin huet d'Mama vum Louis sech gemellt mat der Propose fir e Kanner-an Elterentreff e Mëttwoch, de 24. Juli, ab 3 Auer zu Märel am Park Schéiwisschen, beim Schlass. (rue Charlemagne, L-1328)
Bus: 6 a 7, Statioun: Merl/Orval.
Et wär flott wa mir wéissten datt mir net eleng do stinn. Merci
Jiddereen dee matgeet, mécht dat (wéi ëmmer) op seng eege Verantwortung.
Fir Mensakids
Andrée a Giny
All déi aner kenne sech jo och scho mol Gedanke fir deen nächste RV maache w.e.g.
Fir är Proposen: mensakids@mensa.lu
- Détails