Déi nächst IQ Tester sinn den 21. Oktober 2023 (offiziellen Test fir Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 11. November 2023 (Kanner bis 10 Joer)

Wat heescht dat, "héichbegaabt sinn"?

Als héichbegaabt gëlle Kanner (an Erwuessener), déi en IQ vun 130 a méi hunn. Dëst ass en IQ, dee méi héich ass wéi dee vun 98% vun der Bevëlkerung. Den IQ gëtt duerch spezialiséiert Tester festgestallt, déi een entweder bei engem dofir ausgebilte Psycholog oder, vun 10 Joer un, als Gruppentest bei Mensa Lëtzebuerg ka maachen.

Héichbegaabte Kanner (an Erwuessener) ënnerscheeden sech doduerch, dass dass si eng aner Manéier hu fir ze iwwerleeën. Sou denken si a Reseauen, a raisonéieren doduerch anescht wéi déi aner Leit. Si hunn och meeschtens vill Wëssen a vill verschidden Talenter, a sinn dacks Autodidakt.

Wichteg: Héichbegabung ass net onbedéngt Héichleeschtung! D'Welt ass net ob di 2% héichbegaabte Leit ausgeluecht, mee ob di wäit iwwert 90% "normal" Leit.

Wéi erkennen ech, ob mäi Kand héichbegaabt ass?

Et gëtt kee Patentrezept fir Héichbegabung bei (klenge) Kanner ze erkennen. Dat eenzegt wat wierklech aussokräfteg ass, ass en IQ-Test, dee spezialiséiert Psychologe fir Kanner vun ongeféier 4 Joer un ubidden. Bei Mensa Lëtzebuerg kënne Kanner vun 10 Joer un de Mensa-Test maachen.

Et gëtt awer eng Rei Unzeechen, déi drop hindeite kënnen, dass e Kand héichbegaabt ass:

  • D'Kand ass vu klengem un méi waakreg, a méi un allem interesséiert.
  • Et huet fréi ee grousse Wuertschatz, an argumentéiert gutt.
  • Et interesséiert sech fréi fir Bicher oder Zeitungen, an léiert fréi liesen oder bréngt sech et selwer bäi.
  • Et léiert fréi rechnen.
  • Et gesäit a versteet onheemlech villes, an huet ee Bléck fir Detailer.
  • Et huet e gudde Verhalt, a léiert ganz séier.
  • Et stellt vill Froen zu allen méiglechen Themen, a wann et sech fir eppes interesséiert, wëll et alles doriwwer wëssen.
  • Et ka vernetzt denken an Zesummenhäng hierstellen, heiansdo souguer do, wou guer keng Zesummenhäng sinn.
  • Et huet eng grouss Fantasie an ass immens kreativ.
  • Et ass zimmlech sensibel, an allergesch géint Kaméidi an ze vill hell Luuchten.
  • Et huet en ausgepräägte Gerechtegkeetssënn a flippt bei Ongerechtegkeeten aus.
  • Et wierkt heiansdo bal erwuessen oder op mannst sengem Alter wäit viraus, entsprécht awer emotional a sozial senger Altersklass.

Wat méi Unzeechen op ee Kand zoutreffen, wat d'Probabilitéit, dass et héichbegaabt (IQ vun 130 a méi), oder zumindest iwwerduerchschnëttlech intelligent (IQ tëscht 115 an 129) ass. Dir kënnt Iech an deem Fall gär un eis wenden, falls Dir Froen hutt (mensakids@mensa.lu).

Entgéint deem, wat ee menge kéint, wiisst sech eng Héichbegabung net eraus. E Kand, dat héichbegaabt ass, entwéckelt sech zu engem Erwuessenen, deen héichbegaabt ass. An vill héichbegaabten Erwuessener kënne sech u méi oder wéineger vill Unzeechen, déi uewendriwwer opgezielt sinn, aus hirer Kandheet erënneren.

Wéi eng Problemer kënnen optrieden?

Héichbegaabte Kanner sinn dacks Eenzelgänger, well se vun deenen aneren als Besserwësser oder Streber ofgestempelt ginn, an dann ausgeschloss sinn. Dat ka bis zum Mobbing goen, an der Schoul, an heiansdo souguer doheem. D'Kanner mierke schonn, dass bei hinnen eppes anescht ass, wëssen awer net, wat lass ass (virum IQ-Test), a fillen sech oft net verstanen.

Verschiddener, virun allem héichbegaabt Meedercher, notzen hir Intelligenz dann, fir sech sou gutt et geet, unzepassen, an nëmmen net opzefalen. Dat kann esou wäit goen, dass si express Feeler an hir Aufgaben abauen, fir net ze vill gelueft ze ginn an net aus der Mass vun deenen aneren Kanner erauszestiechen. An deem Fall gëtt d'Héichbegabung dann eréischt spéit oder guer net erkannt.

Anerer, héichbegaabt Meedercher wéi Jongen, langweilen sech dacks an der Schoul a schaffen net mat, well se ënnerfuerdert sinn oder de Sujet scho kennen oder d'Aufgab scho verstanen hunn, an sech da froen, firwat dat elo nach sou oft widderholl gëtt. Si dreemen dann oder maachen Dommheeten an falen aus der Roll. Dat kann esouwäit goen, dass si hire Kompetenzsockel net erreechen oder schlecht Notte kréien, obwuel se intellektuell ouni Problem kapabel derzou wieren. Spéiderhi kann dat zu Schoulverweigerung féieren, well d'Kanner de Sënn vun der Schoul net méi agesinn.

Tëschent hirer intellektueller, emotional-sozialer a motorescher Entwécklung kann eng grouss Diskrepanz entstoen, wouduerch héichbegaabte Kanner heiansdo als emotional oder sozial onräif agestuuft ginn.

Wann d'Problemer fir d'Kand ze grouss ginn, kann et psychosomatesch "Boboen", wéi Kappwéi oder Bauchwéi, an am schlëmmste Fall souguer Depressiounen, entwéckelen. Dëst sinn dann Alarmzeechen, dass eppes net méi stëmmt, an dass muss gehandelt ginn!

Wéi eng Léisunge gëtt et a wou fannen ech Hëllef?

Kanner, déi Problemer hunn, musse gehollef kréien. Als éischt ass et wichteg, Tester ze maachen, fir erauszefannen, ob eng Héichbegabung virläit, oder ob d'Problemer eng aner Ursaach hunn, oder ob méi Ursaachen zesummekommen. Et ass z.B. méiglech, dass e Kand héichbegaabt ass, a gläichzäiteg eng "Dys" (z.B. Dyslexie, Dyscalculie, Dyspraxie, ... ) oder e psychesche Problem huet. An deem Fall besteet d'Méiglechkeet, mat Therapeuten oder Psychologen un de Problemer ze schaffen. De Rescht vun dësem Abschnitt behandelt just den Volet "Héichbegabung".

Héichbegaabte Kanner mussen erkannt an dann entspriechend gefërdert ginn. Dëst ass am lëtzebuerger Schoulsystem och erkannt ginn an dofir gouf de "Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel" (CEJHP) gegrënnt. Dësen huet am September 2018 seng Dieren opgemaach, an huet zum Zil, héichbegaabt Kanner ze encadréieren an ze fërderen. Méi Informatiounen (op Franséisch) stinn hei: http://www.men.public.lu/fr/themes-transversaux/eleves-besoins-specifiques/03-11-niveau-national-centres/06-cejhp/index.html. Et gëtt donieft am lëtzebuerger Schoulsystem d'Méiglechkeet, de Schoulprogramm méi séier duerchzeschaffen an esou an der Grondschoul (école fondamentale) een Cycle an engem Joer amplaz an 2 Joer ze maachen. Am Postprimaire ass d'Méiglechkeet do, fir ënner gewësse Konditiounen ee Joer ze iwwersprangen. Fir do weider Informatiounen ze kréien, ass et am Beschten, sech perséinlech un d'Léierpersonal vum Kand ze wenden. Schlussendlech gëtt et och zu Lëtzebuerg d'Méiglechkeet vum Homeschooling. Weider Informatiounen dozou stinn hei: http://alliasbl.lu. Am Ausland, z.B. an der Belsch oder an Däitschland, gëtt et (Privat-) Schoule speziell fir héichbegaabte Kanner. Dës Schoulen huelen och héichbegaabte Kanner aus Lëtzebuerg un.

Donieft kënnen awer och d'Elteren hire Kanner hëllefen. Als éischt natierlech, andeems se hir Kanner teste loossen, an am Fall vun enger Héichbegabung, dem Kand erklären, wat dat ass, fir dass d'Kand versteet, wat mat em lass ass a firwat et sech anescht spiert wéi di aner. Dann ass et wichteg, dass d'Elteren acceptéieren, dass hiert Kand héichbegaabt ass, ouni et dowéinst op ee Sockel ze stellen, oder et anescht ze behandelen. An éischter Linn ass et awer nach ëmmer ee Kand.

Ganz vill kënnen d'Elteren hirem héichbegaabte Kand hëllefen, andeems se him de Kontakt zu aneren héichbegaabte Kanner erméiglechen. Et ass nämlech fir dës Kanner enorm wichteg an hëllefräich, fir reegelméisseg mat aneren "gläichgesënnte" Kanner Kontakt ze hunn, fir dass déi héichbegaabt Kanner erkennen, dass si net eleng "anescht" sinn, an dass se sech och ënnert hiresgläiche beweege kënnen. Do kënne si da ganz si selwer sinn, ouni opzefalen oder komesch gekuckt ze ginn, a virun allem, ouni sech mussen ze verstellen. Elteren an all aner Kontaktpersoune solle probéieren, hinne gutt nozelauschteren a sech fir si an hir Erliefnëswelt ze interesséieren. Zudeem sollt den Entourage dem Kand weisen, datt et zur Gesellschaft derzougehéiert. Ausserdeem kënnen d'Elteren de Kanner d'Méiglechkeet ginn, un Aktivitéiten deelzehuelen, déi d'Kanner interesséieren. Oft interesséieren sech dës Kanner fir eng immens Bandbreet un Aktivitéiten, aus allméigleche Beräicher : Musek, Mathe, Konscht, Informatik, Sproochen, Naturwëssenschaften, Sport, Geschicht, etc. MensaKids organiséiert dofir och allméiglech Aktivitéiten, bei deenen d'Kanner sech kënnen treffen a kenneléieren. An engems kënnen d'Elteren sech ënnerteneen austauschen.

Fir méi Informatiounen, oder fir op d'MensaKids Mailinglëscht ze kommen, kontaktéiert eis ënnert mensakids@mensa.lu. Wichteg: et kënnen och Kanner, déi nach net getest sinn, oder déi getest sinn an sou just ënnert dem néidegen IQ vun 130 leien, un de MensaKids Aktivitéiten deelhuelen. Mensa ass zur Zäit deen eenzege Veräin zu Lëtzebuerg, deen héichbegaabte Kanner an Erwuessener zesummebréngt.