MensaKids ass am Joer 2010 duerch d‘Initiativ vun enger Grupp Eltere vun héichbegaabte Kanner entstanen.
D'Elteren (an heiansdo och d'Léierpersonal) hu festgestallt, dass verschidde Kanner anescht agéieren oder reagéiere wéi hir Klassekomeroden, a wollten erausfannen, firwat dat esou ass. Dëst ka vill Ursaachen hunn, an et kann z.B. eng Héichbegabung virleien. Fir déijéineg Kanner, bei deenen eng Héichbegabung virläit, ass et vun onschätzbarem Wäert, fir aner Kanner kennen ze léieren, déi an däer selwechter Situatioun sinn.
MensaKids wëll hinnen eng interaktiv Plattform fir Zesummenaarbecht ubidden. De Konzept besteet doran, all puer Wochen een Treffen ze organiséieren, an och aner Aktivitéiten: Atelier'en, Workshopen, Besichtegungen, Féierungen, asw.; awer och IQ-Tester fir Kanner, Elterentreffen, Virträg oder Diskussiounsronne mat Interesséierten an/oder Betraffenen, Léierpersonal, Psychologen, asw. Bei dëse Rencontre kënnen dann och d'Eltere vun den Erfarunge vun deenen aneren Eltere profitéieren.
Är Iddien a Virschléi si wëllkomm!
Dir kënnt eis op der E-mail Adress mensakids@mensa.lu erreechen.
D'Aktivitéite vu MensaKids (Planung an Organisatioun) ginn erméiglecht duerch d'Aarbecht an d'Engagement vu ganz wéinege Benevollen.