Déi nächst offiziell Tester sinn den 13. Oktober 2018 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 10. November 2018 (Kanner bis 9½ Joer)

Aktivitéiten 2016 MENSAKIDS wou och NET-MEMBERE konnte matmachen

09.01. Geocaching@night, Ellergronn
30.01. Spillmettech, Lux-Cents
13.02. Postmusee Lux
18.03. Konferenz Homeschooling, Lux
23.04. Mensa-Test, Lux
23.04. Elterentreff, Lux
01.05, Esch Galgebierg
07.05. Mensa-Kids-Test, Lux
07.05. Elterentreff, Lux
28.06. Let the Music play, Berbourg
01.07. Initiation Bitzen, Strecken heckelen, Lux
06.07. Permanence, Lux
24.07. Treppeltour
12.08. Stäreschnäizen beobachten, Beidweiler
18.08. Visite SIS, Pompjeen Findel
21.08: Sentier des Passeurs, Clervaux
27.08. Joule Thief workshop, Lux
01.09. Maislabyrint Limpach
14.09. Permanence, Lux
18.09. Biog-Molkerei, Kärjeng
02.10. Vogelberingung, Iwwersyren
08.10. Mensa-Test, Lux
08.10. Elterentreff, Lux
11.10. Permanence
12.11. Mensa-Kids-Test, Lux
12.11. Elterentreff, Lux
26.11. Playgirls&Gameboys, Lux

Mensa/Mensakids hun och do delgeholl/matgemach:

09/10.01. EXPO Creativ Messe an der LuxExpo
15/16.05. Veianer KonschTour
28.05. DIY-Festival, Lux
21.10. Konferenz ADHS, Walfer
21.11. Ofschlossbericht Ombutscomite fir d'Rechter vum Kand
03.12. Wissenschafts-Workshops OCH FIR KANNER, Belval

Train 1900 ofgesot wéinst net genuch Umeldungen am Delai.
Een Treppeltour ofgesot wéinst Klappjuegt

Intresséiert dir iech fir Lego?

De Lego-Club huet den 28. Mäerz vu 15-17 Auer fir en Atelier/Workshop mat Mensakids reservéiert, zu Bieles, am Gebai vun der Maison Relais.

Fir deen Atelier kenn dir wielen tëschent: Lego City, Friends, Creator, Technik, Star Wars.
De Präis ass 20€/Kand, dir krit dofir awer herno entspriechend Lego mat heem.
Mellt iech/är Kanner w.e.g bis de 15. Mäerz ob inscription@mensa.lu un, mat Numm, Virnumm, Alter vun all Kand, a fir wellechen Thema et sech intresséiert, datt fir all Kand dat richtegt Material do ass. Merci

Bei méi Umeldunge wéi Platze gelt: Prioritéit fir d'Memberen an hir Geschwëster. An deem Fall kenne mir en zousätzleche RV froen. Bei méi klenge Kanner kennen d'Elteren eventuell "assistéieren".

Andrée
Coordinatrice MensaKids
mensa.lu


 LEGO ATELIER
 Samschdes, 28. Mäerz, 15-17Auer
 rue du Stade, Bieles
 20€/Kand, ob der Plaatz ze bezuelen.

ELTERENTREFF
vun 10 - 11.30 Auer
de 07. Mee 2016
35, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg-Bonnevoie
(gratis an onverbindlech)

Léiw Mensakids,
Léiw Elteren a Frënn vu Mensakids,


Well der ugangs Januar sou vill vun iech krank waren, hunn d'Leit vum CAPEL eis en NEIEN TERMIN gi fir den ATELIER MAM ÄISBIER an zwar:
Dënschdes, den 3. FEBRUAR 2015
14.30-16.00h an der Stad an der Millebaach:
CAPEL
10, rue de l'école, L-1454 Luxembourg

WAT ASS LASS MAM KLIMA?
Et héiert een esou vill driwwer schwätzen: Ass eist Klima villäicht krank a wa jo, firwat? A wat ass „Klima“ iwwerhaapt?
Zesumme kënne mir dëse Froen op de Fong goen an no Äntwerte sichen.
Zesumme wëlle mer och erausfannen, wat mir selwer fir eist Klima maache kënnen, a mir probéieren op engem "Klimadësch" aus, wéi mer d'Klima beaflossen.
Am Kader vum Projet kënnen d'Kanner um "KLIMADESCH" op eng ganz visuell Manéier erfuerschen, wéi héich den Afloss vum Mënsch op de Klima an domat d'Natur ass, a wat eng ze héich Äerderwäermung fir Konsequenzen huet.

Wee wëll matmaache soll sech w.e.g. séier op inscription@mensa.lu umellen, datt mir kënne Bescheed soen.

SG, Andrée
Mensakids

Wéi ëmmer: jiddereen de matmécht, mécht dat op seng eege Verantwortung.

ELTERENTREFF
vun 10 - 11.30 Auer
den 23. Abrell 2016
35, rue de Bonnevoie
L-1260 Luxembourg-Bonnevoie
(gratis an onverbindlech)