Déi nächst offiziell Tester sinn den 13. Oktober 2018 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 26. Mee 2018 (Kanner bis 9½ Joer)

Firwat en Online Test?

Dësen Online Test gëtt iech net ären IQ, an e geet och net duer, fir bei Mensa ugeholl ze ginn. Et kann een en awer maache fir ze kucken, op ee sech iwwerhaapt fir de richtege Mensa Test eegent. Dat ass ganz praktesch, well den Online Test ass gratis.

Regelen

Wann Dir den Test maacht, dann haalt Iech w.e.g. un d'Regelen. Et huet kee Wäert ze fuddelen, den Test ass nëmmen dofir do fir Iech selwer eng Iddi ze ginn wéi Är Chance bei dem richtegen Test wieren.

Hei sinn d'Regelen:

  • Dësen Test soll een an 20 Minutte maachen
  • Et sollt een eleng schaffen, ouni friem Hëllef
  • Et soll een den Test nëmmen eng Kéier maachen

Den interaktiven Test

Déi einfachste Method un de Virtest ze kommen ass iwwer den Internet. Hei kënnt Dir den Test direkt online maachen, Dir kritt och direkt Äert Resultat!

 

Wat maache mat de Resultater?

Wann Dir den Test online gemaach hutt, a gutt ofgeschnidden huet, kënnt dir de richtegen Test probéieren.