Déi nächst offiziell Tester sinn den 21. Abrëll 2018 (Erwuessener & Jugendlecher) um 10 Auer an den 26. Mee 2018 (Kanner bis 9½ Joer)

Wéi dir bestemmt gemierkt hutt, hu mir momentan ee gudd gefëllte Programm!
Fir datt mir weiderhin sou flott Saache fir d'Kanner kennen organiséieren, freeë mer eis iwwert all Iddi oder Virschlag vun Iech.
Oder huet ärt Kand villäischt e spezielle Wonsch fir eng Aktivitéit?
Da soot eis Beschéed!

Merci fir äre Feedback!

D'Equipp vu Mensakids
gt.kids@mensa.lu

De Mensa Kids & Family SIG organiséiert regelméisseg:

  • Elterentreffen
  • Konferenzen
  • Aktivitéiten fir Kanner / Familljen (Ausflich, Besichtegungen, Workshope, ...)

    Déi nächste Veranstaltungen

    (Aner Aktivitéiten wéi Austauschtreffen fir Elteren a Spillnomëtteger, etc. souwéi d'Detailer vun de schonn ugekënnegten Evenementer gi verëffentlecht so wéi Planung viru geet)

    (Ännerunge méiglech)

    Nach ze organiséieren, avis aux amateurs:

    ??/??
    Euro-Space-Center, (B) (geplangt)
    ??/??
    Kloterpark
    ??/??
    Kannerwanderwee

    Fir sech unzemellen: inscription@mensa.lu
    Fir Informatiounen iwwer Aktivitéiten: gt.kids@mensa.lu

    Wee vun iech kann oder well eng Aktivitéit oder en Treffen organiséieren?

    MENSAKIDS ass jo als INTERAKTIV PLATTFORM geduecht, fir mateneen ze schaffen, ze schwätzen an ze organiséieren. Vläicht kenne mir/dir jo lo mol domat ufänken?

    D'Iddi ass, all puer Wochen e Kanner/Elteren-Treffen ze organiséieren, och aner Wochendeeg an op aner Plazen.

    Well mir bei de Spillmëtteger d'Erfahrung gemaach hunn, datt „déi“ Kanner nawell séier Kontakt ënnerenee kréien, ass dat eng gutt Geleeënheet fir "hiresgläiche" kennen ze léieren.

    D'Elteren hu gläichzäiteg Geleeënheet fir mateneen ze schwätzen an Erfahrungen ze deelen, an eventuell Adressen ze tauschen.

    Et wär och flott fir déi Kanner, déi net fort sinn, wann Aktivitéiten an der Vakanz wären.

    Frot mol är Kanner, si hu bestëmmt Iddien!

    Ech/mir waarden op är Proposen!

    Andrée
    gt.kids@mensa.lu