Wéinst der Corona Kris sinn eis IQ Tester vir elo mol ofgesot. Esoubal mer erëm plange kënnen ginn déi nei Datumer hei ugewisen.
Hei ass eng Lëscht vun interessanten an nëtzleche Linke fir Leit, déi sech fir d'Thema Héichbegabung bei Kanner interesséieren. Wann Dir nach weider Links hutt, kënnt Dir eis déi gäre schécken op : mensakids@mensa.lu
- Ministère de l'éducation nationale
- Spezialiséiert Schoulen am Ausland
- Aner Servicer, déi Hëllef ubidden
- Online Site fir héichbegaabt Kanner
- Aktivitéite fir Kanner an Jonker
- Auslännesch Säiten iwwert Héichbegabung
- Homeschooling
Ministère de l’Éducation nationale
| Ministère | Ministère de l’Éducation nationale et de la Formation professionnelle |
| CEJHP | Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel |
| ONE | Office national de l'enfance |
| CEPAS |
Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires |
Spezialiséiert Schoulen am Ausland
| Auguste-Viktoria Gymnasium | Lycée zu Tréier mat Héichbegaabtenfërderung (D) |
| Elsa-Brändström-Gymnasium | Lycée zu Oberhausen mat Héichbegaabtenfërderung (D) |
| Staatliches Heinrich-Heine-Gymnasium | Lycée zu Kaiserslautern mat Héichbegaabtenfërderung (D) |
| Gymnasium Gonsenheim | Lycée zu Mainz mat Héichbegaabtenfërderung (D) |
| CJD Jugenddorf-Christophorusschule Königswinter | Lycée zu Königswinter mat Héichbegaabtenfërderung (D) |
| Staatliches Maria-Theresia-Gymnasium | Lycée zu München mat Héichbegaabtenfërderung (D) |
| Lycée Privé Michelet | Lycée zu Nice mat Héichbegaabtenfërderung (F) |
| Popperschule | Lycée zu Wien (AU) |
| Ecole la Garanderie | Primaire a secondaire Schoul zu Lausanne fir héichbegaabte Kanner (CH) |
| Talenta | Schoulen fir héichbegaabte Kanner vun 4 bis 13 Joer, zu Zürich, Basel (CH) an Eringerfeld (D) |
| Lip-Schule | Primaire a secondaire Privatschoul zu Zurich (CH) |
| Lernen macht Spass | Primaire a secondaire Schoul zu Luzern mat Héichbegaabtenfërderung (CH) |
| Web-Individualschule |
Staatlech unerkannt Fernschule (D) |
Aner Servicer, déi Hëllef ubidden
| AFP Services asbl | Service de consultation éduco-familiale: Erzéiungs- a Familljeberodung |
| Dys asbl | Associatioun vun Eltere vun Kanner mat enger Dys |
| SCAP | Service de Consultation et d’Aide pour troubles de l’Attention, de la Perception et du développement Psychomoteur |
| Kompetenzzentrum für angewandte pädagogische Psychologie Trier | Schwerpunkte: psychologische Diagnostik, schulpsychologische Beratung & Begleitung, Spezialgebiet Hochbegabung (D) |
| CVIM : accompagnement des personnes à haut potentiel | Le Centre pour la Valorisation des Intelligences Multiples accompagne les personnes à haut potentiel (B) |
| Rêve du petit prince | Asbl qui a pour but de venir en aide aux enfants qui souffrent tant physiquement que psychiquement (L) |
Online Site fir héichbegaabt Kanner
| MENSA for kids | Site fir héichbegaabt Kanner (op Englesch), mat Spiller an masseg Material zu villen Themen |
| Physik für Kids | Projet vun der Uni Oldenburg (D) mat online-Spiller iwwert Chimie, Astronomie, Physique , etc. |
Aktivitéite fir Kanner a Jonker
| Panda-Club | Aktivitéiten fir Kanner vun 6 bis 10 Joer, organiséiert vum Naturmusée |
| Science Festival | Fête des science organisée tous les ans en novembre par le Musée national d’histoire naturelle et le Fonds National de la Recherche et proposant des spectacles et des ateliers autour des sciences naturelles et des technologies |
| www.chimie.lu | Atelieren, Camps scientifiques, Spectaclen an Animatiounen rondërem d'Chimie an d'Sciencen |
| Science Club | Scientifique Activitéiten (ateliers, expositiounen, camps, …) fir Jonker vun 11 bis 18 Joer |
| petitweb | Internetsite mat ville gudden Iddien, wat een zu Lëtzebuerg mat Kanner kann ënnerhuelen |
| Visiter Luxembourg - Famille et enfants | Sait um Site www.luxembourg.lu mat der Offer fir Familljenaktivitéiten zu Lëtzebuerg (Piscinen, Spillplazen, etc.) |
Auslännesch Säiten iwwert Héichbegabung
| Douance.be | Association des surdoués en Belgique |
| Association française pour les enfants précoces (AFEP) | L'AFEP consacre ses activités aux enfants précoces, apporte son aide aux parents et aux enseignants pour mieux comprendre ces enfants et aide à prévenir l’échec scolaire et social |
| Association nationale et internationale de loisirs, de rencontres et d’éducation pour les enfants et adolescents intellectuellement précoces (ALREP) | Les objectifs de l'ALREP sont l’écoute des familles, de même que l’information auprès des enseignants, des personnes et des services se préoccupant de pédagogie et d’éducation |
| ANPEIP Fédération | Association nationale française pour les enfants intellectuellement précoces |
| Deutsche Gesellschaft für das hochbegabte Kind (DGhK) | Association allemande active dans le domaine des enfants intellectuellement précoces |
| Esca mentis | Association allemande de promotion des enfants et jeunes surdoués |
| ICBF | Centre de recherche international au sujet des personnes à haut potentiel |
| Potential Plus UK | Association anglaise pour enfants surdoués |
| Council for exceptional children (CEC) | Organisation professionnelle internationale dédiée à l’amélioration du succès scolaire de personnes e.a. surdouées |
| rheinland hoch begabt | Arbeitsgemeinschaft, Zusammenschluss von anerkannten Institutionen der Hochbegabten-Förderung im Rheinland. |
| Potenziale Erkennen - Begabung fördern (Saarland) | Ein Leitfaden für Pädagogen und Eltern |
| L'asbl AvanceToi | Une aide appropriée et professionnelle indispensable pour accompagner les personnes à haut potentiel ! |
| Bildung & Begabung - BegabungsLotse | Eng interessant Säit |
Homeschooling
| Homeschooling Luxembourg | Association luxembourgeoise pour la liberté d'Instruction (A.L.L.I asbl.) |
Vous trouverez ci-joint la liste de livres que nos membres ont lus et approuvés.
La liste est bien sûr loin d’être exhaustive. Toutes vos suggestions seront les bienvenues ! Merci de nous les envoyer à : mensakids@mensa.lu
Livres en allemand
Et encore
- Consultez la bibliographie proposée par le site www.douance.be: http://www.douance.be/douance-ehp-livres.htm
- Consultez la bibliographie proposée par l’ANPEIP (association nationale française pour les enfants intellectuellement précoces) : http://anpeip.org/modules.php?name=Content&pa=showpage&pid=102
- Consultez la bibliographie proposée par MENSA France: http://www.mensa.fr/_douance_livres.html
- Consultez la bibliographie proposée par le site www.hochbegabungs-links.de: http://www.hochbegabungs-links.de/fjk_Literatur.html
Wat heescht dat, "héichbegaabt sinn"?
Als héichbegaabt gëlle Kanner (an Erwuessener), déi en IQ vun 130 a méi hunn. Dëst ass en IQ, dee méi héich ass wéi dee vun 98% vun der Bevëlkerung. Den IQ gëtt duerch spezialiséiert Tester festgestallt, déi een entweder bei engem dofir ausgebilte Psycholog oder, vun 10 Joer un, als Gruppentest bei Mensa Lëtzebuerg ka maachen.
Héichbegaabte Kanner (an Erwuessener) ënnerscheeden sech doduerch, dass dass si eng aner Manéier hu fir ze iwwerleeën. Sou denken si a Reseauen, a raisonéieren doduerch anescht wéi déi aner Leit. Si hunn och meeschtens vill Wëssen a vill verschidden Talenter, a sinn dacks Autodidakt.
Wichteg: Héichbegabung ass net onbedéngt Héichleeschtung! D'Welt ass net ob di 2% héichbegaabte Leit ausgeluecht, mee ob di wäit iwwert 90% "normal" Leit.
Wéi erkennen ech, ob mäi Kand héichbegaabt ass?
Et gëtt kee Patentrezept fir Héichbegabung bei (klenge) Kanner ze erkennen. Dat eenzegt wat wierklech aussokräfteg ass, ass en IQ-Test, dee spezialiséiert Psychologe fir Kanner vun ongeféier 4 Joer un ubidden. Bei Mensa Lëtzebuerg kënne Kanner vun 10 Joer un de Mensa-Test maachen.
Et gëtt awer eng Rei Unzeechen, déi drop hindeite kënnen, dass e Kand héichbegaabt ass:
- D'Kand ass vu klengem un méi waakreg, a méi un allem interesséiert.
- Et huet fréi ee grousse Wuertschatz, an argumentéiert gutt.
- Et interesséiert sech fréi fir Bicher oder Zeitungen, an léiert fréi liesen oder bréngt sech et selwer bäi.
- Et léiert fréi rechnen.
- Et gesäit a versteet onheemlech villes, an huet ee Bléck fir Detailer.
- Et huet e gudde Verhalt, a léiert ganz séier.
- Et stellt vill Froen zu allen méiglechen Themen, a wann et sech fir eppes interesséiert, wëll et alles doriwwer wëssen.
- Et ka vernetzt denken an Zesummenhäng hierstellen, heiansdo souguer do, wou guer keng Zesummenhäng sinn.
- Et huet eng grouss Fantasie an ass immens kreativ.
- Et ass zimmlech sensibel, an allergesch géint Kaméidi an ze vill hell Luuchten.
- Et huet en ausgepräägte Gerechtegkeetssënn a flippt bei Ongerechtegkeeten aus.
- Et wierkt heiansdo bal erwuessen oder op mannst sengem Alter wäit viraus, entsprécht awer emotional a sozial senger Altersklass.
Wat méi Unzeechen op ee Kand zoutreffen, wat d'Probabilitéit, dass et héichbegaabt (IQ vun 130 a méi), oder zumindest iwwerduerchschnëttlech intelligent (IQ tëscht 115 an 129) ass. Dir kënnt Iech an deem Fall gär un eis wenden, falls Dir Froen hutt (mensakids@mensa.lu).
Entgéint deem, wat ee menge kéint, wiisst sech eng Héichbegabung net eraus. E Kand, dat héichbegaabt ass, entwéckelt sech zu engem Erwuessenen, deen héichbegaabt ass. An vill héichbegaabten Erwuessener kënne sech u méi oder wéineger vill Unzeechen, déi uewendriwwer opgezielt sinn, aus hirer Kandheet erënneren.
Wéi eng Problemer kënnen optrieden?
Héichbegaabte Kanner sinn dacks Eenzelgänger, well se vun deenen aneren als Besserwësser oder Streber ofgestempelt ginn, an dann ausgeschloss sinn. Dat ka bis zum Mobbing goen, an der Schoul, an heiansdo souguer doheem. D'Kanner mierke schonn, dass bei hinnen eppes anescht ass, wëssen awer net, wat lass ass (virum IQ-Test), a fillen sech oft net verstanen.
Verschiddener, virun allem héichbegaabt Meedercher, notzen hir Intelligenz dann, fir sech sou gutt et geet, unzepassen, an nëmmen net opzefalen. Dat kann esou wäit goen, dass si express Feeler an hir Aufgaben abauen, fir net ze vill gelueft ze ginn an net aus der Mass vun deenen aneren Kanner erauszestiechen. An deem Fall gëtt d'Héichbegabung dann eréischt spéit oder guer net erkannt.
Anerer, héichbegaabt Meedercher wéi Jongen, langweilen sech dacks an der Schoul a schaffen net mat, well se ënnerfuerdert sinn oder de Sujet scho kennen oder d'Aufgab scho verstanen hunn, an sech da froen, firwat dat elo nach sou oft widderholl gëtt. Si dreemen dann oder maachen Dommheeten an falen aus der Roll. Dat kann esouwäit goen, dass si hire Kompetenzsockel net erreechen oder schlecht Notte kréien, obwuel se intellektuell ouni Problem kapabel derzou wieren. Spéiderhi kann dat zu Schoulverweigerung féieren, well d'Kanner de Sënn vun der Schoul net méi agesinn.
Tëschent hirer intellektueller, emotional-sozialer a motorescher Entwécklung kann eng grouss Diskrepanz entstoen, wouduerch héichbegaabte Kanner heiansdo als emotional oder sozial onräif agestuuft ginn.
Wann d'Problemer fir d'Kand ze grouss ginn, kann et psychosomatesch "Boboen", wéi Kappwéi oder Bauchwéi, an am schlëmmste Fall souguer Depressiounen, entwéckelen. Dëst sinn dann Alarmzeechen, dass eppes net méi stëmmt, an dass muss gehandelt ginn!
Wéi eng Léisunge gëtt et a wou fannen ech Hëllef?
Kanner, déi Problemer hunn, musse gehollef kréien. Als éischt ass et wichteg, Tester ze maachen, fir erauszefannen, ob eng Héichbegabung virläit, oder ob d'Problemer eng aner Ursaach hunn, oder ob méi Ursaachen zesummekommen. Et ass z.B. méiglech, dass e Kand héichbegaabt ass, a gläichzäiteg eng "Dys" (z.B. Dyslexie, Dyscalculie, Dyspraxie, ... ) oder e psychesche Problem huet. An deem Fall besteet d'Méiglechkeet, mat Therapeuten oder Psychologen un de Problemer ze schaffen. De Rescht vun dësem Abschnitt behandelt just den Volet "Héichbegabung".
Héichbegaabte Kanner mussen erkannt an dann entspriechend gefërdert ginn. Dëst ass am lëtzebuerger Schoulsystem och erkannt ginn an dofir gouf de "Centre pour enfants et jeunes à haut potentiel" (CEJHP) gegrënnt. Dësen huet am September 2018 seng Dieren opgemaach, an huet zum Zil, héichbegaabt Kanner ze encadréieren an ze fërderen. Méi Informatiounen (op Franséisch) stinn hei: http://www.men.public.lu/fr/themes-transversaux/eleves-besoins-specifiques/03-11-niveau-national-centres/06-cejhp/index.html. Et gëtt donieft am lëtzebuerger Schoulsystem d'Méiglechkeet, de Schoulprogramm méi séier duerchzeschaffen an esou an der Grondschoul (école fondamentale) een Cycle an engem Joer amplaz an 2 Joer ze maachen. Am Postprimaire ass d'Méiglechkeet do, fir ënner gewësse Konditiounen ee Joer ze iwwersprangen. Fir do weider Informatiounen ze kréien, ass et am Beschten, sech perséinlech un d'Léierpersonal vum Kand ze wenden. Schlussendlech gëtt et och zu Lëtzebuerg d'Méiglechkeet vum Homeschooling. Weider Informatiounen dozou stinn hei: http://alliasbl.lu. Am Ausland, z.B. an der Belsch oder an Däitschland, gëtt et (Privat-) Schoule speziell fir héichbegaabte Kanner. Dës Schoulen huelen och héichbegaabte Kanner aus Lëtzebuerg un.
Donieft kënnen awer och d'Elteren hire Kanner hëllefen. Als éischt natierlech, andeems se hir Kanner teste loossen, an am Fall vun enger Héichbegabung, dem Kand erklären, wat dat ass, fir dass d'Kand versteet, wat mat em lass ass a firwat et sech anescht spiert wéi di aner. Dann ass et wichteg, dass d'Elteren acceptéieren, dass hiert Kand héichbegaabt ass, ouni et dowéinst op ee Sockel ze stellen, oder et anescht ze behandelen. An éischter Linn ass et awer nach ëmmer ee Kand.
Ganz vill kënnen d'Elteren hirem héichbegaabte Kand hëllefen, andeems se him de Kontakt zu aneren héichbegaabte Kanner erméiglechen. Et ass nämlech fir dës Kanner enorm wichteg an hëllefräich, fir reegelméisseg mat aneren "gläichgesënnte" Kanner Kontakt ze hunn, fir dass déi héichbegaabt Kanner erkennen, dass si net eleng "anescht" sinn, an dass se sech och ënnert hiresgläiche beweege kënnen. Do kënne si da ganz si selwer sinn, ouni opzefalen oder komesch gekuckt ze ginn, a virun allem, ouni sech mussen ze verstellen. Elteren an all aner Kontaktpersoune solle probéieren, hinne gutt nozelauschteren a sech fir si an hir Erliefnëswelt ze interesséieren. Zudeem sollt den Entourage dem Kand weisen, datt et zur Gesellschaft derzougehéiert. Ausserdeem kënnen d'Elteren de Kanner d'Méiglechkeet ginn, un Aktivitéiten deelzehuelen, déi d'Kanner interesséieren. Oft interesséieren sech dës Kanner fir eng immens Bandbreet un Aktivitéiten, aus allméigleche Beräicher : Musek, Mathe, Konscht, Informatik, Sproochen, Naturwëssenschaften, Sport, Geschicht, etc. MensaKids organiséiert dofir och allméiglech Aktivitéiten, bei deenen d'Kanner sech kënnen treffen a kenneléieren. An engems kënnen d'Elteren sech ënnerteneen austauschen.
Fir méi Informatiounen, oder fir op d'MensaKids Mailinglëscht ze kommen, kontaktéiert eis ënnert mensakids@mensa.lu. Wichteg: et kënnen och Kanner, déi nach net getest sinn, oder déi getest sinn an sou just ënnert dem néidegen IQ vun 130 leien, un de MensaKids Aktivitéiten deelhuelen. Mensa ass zur Zäit deen eenzege Veräin zu Lëtzebuerg, deen héichbegaabte Kanner an Erwuessener zesummebréngt.
Bienvenue sur les pages Internet du groupement d’intérêt spécial (G.I.S.) MENSA KIDS AND FAMILY.
Créé en 2010 par un groupe de parents, MENSA KIDS AND FAMILY a pour objectif de constituer une plateforme de discussion et de rencontre pour toutes les personnes concernées et / ou intéressées par le sujet.
Il s’agit ici d’une première version du site qui, au cours des mois, sera constamment étoffé.
Erlebniswanderung durch den deutsch-belgischen Grenzraum am 14. Oktober.
Anna Grenze und Wilma Rüber gehen das Wagnis ein. Ende der 40er Jahre haben sie genug von Muckefuck und gemeinsam trotzen sie Kälte und Schnee. Ob ihnen die wilde Tour gelingt, zeigen die beiden Damen persönlich am Sonntag, 14.Oktober.
Der Teilnehmerbeitrag von 11€ (max30€/Familie) wird am Treffpunkt bezahlt. Die Tour führt über 7Km und dauert ca 3 Stunden.
Wetterfeste Kleidung und Schuhe tragen und Verpflegung mitbringen!
Treffpunkt ist um 11 Uhr am Parkplatz bei der Kirche in Roth bei Prüm.
Anmeldung bis Freitags 11 Uhr bei der Tourist-Informatiom Prümer Land,
tel:0049 6551/505 oder Email an: ti@pruem.de
Info:www.pruem.de
Bitte selber bei Tourist-Info (und bei uns) anmelden.
Teilnahme wie immer auf eigene Gefahr!
Für Geocacher: nächstgelegene Caches: GC3ghhd, GC2rgap
Andrée
mensakids@mensa.lu
Page 2 sur 3