Wéinst der Corona Kris sinn eis IQ Tester vir elo mol ofgesot. Esoubal mer erëm plange kënnen ginn déi nei Datumer hei ugewisen.

Numm Contact Sproochen Angebot un Tester Thérapien Interventiounen Clientèle Aner Infoen
Dr SCHILTZ Lony « Unité de recherche en psychologie clinique, psychologie de la santé et art thérapie »
Tel : 433668
Lux
Allemand
Français
Anglais
  musico et art thérapie troubles de l’apprentissage
concentration et mémoire
troubles de la conduite
troubles de la nutrition
phobies scolaire
phobies sociales
hyperactivité
dépression
crises développementales
enfants
adolescents
sans frais
Mme WATRY Aline 10, Grand-rue
L-7777 Bissen
Tel : 26885022
661318586
Lux
Allemand
Français
Anglais
tests QI
tests cognitifs
bilans complets
entraînements des fonctions
cognitives
rééducation
stratégies compensatoires
adaptation de l’environnement
troubles de l’apprentissage
troubles comportementaux
troubles communicationnels
guidance parentale
enfants de tout âge
adolescents
adultes
(éventuellement à domicile)
Tarif: 80 € fir 1 Stonn, TVA inclus
Mme Ania POLFER

Atelier "ANIA's ARTh"

Vianden + Cessange

Tel: 26 87 45 60

ania@mensa.lu

www.aniasarth.lu

Lëtzebuergesch

Français

Deutsch

/ Art-Thérapie surdoués en situation d’échec, renforcement de l’estime de soi, … adultes, adolescents et enfants surdoués à partir de 7 ans Membre de Mensa Luxembourg ; Formations:
  • Maîtrise en arts plastiques (Université de Provence Aix-Marseille, 2004) ;
  • DESS en art-thérapie (Université du Luxembourg, 2011) ;
  • Comprendre et accompagner les enfants et adolescents surdoués (Cogito’z Marseille, 2010) ;
  • Les particularités cognitives et affectives de l’enfant et de l’adolescent surdoué (Cogito’z Marseille, 2010) ;
  • Curriculum für Traumatherapie (Traumainstitut Mamer, 2018) ;
  • Psychotrauma für PädagogInnen – Umgang mit traumatisierten verhaltensauffälligen Kindern & Jugendlichen (Traumainstitut Mamer, 2019)

Wann Dir Psycholog oder Therapeut sidd, a gär op dëser Lëscht erschéngt, dann schreift eis ënnert mensakids@mensa.lu

Mensa organiséiert zweemol am Joer ee Gruppen-IQ-Test fir Kanner vun 10 Joer un (Kanner vun 9 Joer u kënnen op Ufro deelhuelen). Dëst ass de reguläre Mensa IQ Test, un deem och déi Erwuessen deelhuelen. Méi Informatioune stinn hei ënnendrënner.

Fir Kanner vun 6,5 bis 9,5 Joer fënnt zweemol am Joer e Gruppen-IQ-Test statt, dee vun engem Psycholog ofgehalen an ausgewäert gëtt.

Fir méi kleng Kanner (ënner 6,5 Joer) fonctionnéiert e Gruppentest net, mee déi kann een (vu +/- 4 Joer un, éischter ass et net sënnvoll) individuell bei engem Psycholog teste loossen. Eng Lëscht vu Psychologen, déi sech mat Héichbegabung bei klenge Kanner auskennen, kënnt Dir bei eis nofroen (per Email u mensakids@mensa.lu).

Mensa IQ Test (vun 10 Joer un): Allgemeng Informatiounen

De Mensa IQ Test ass een unerkannte méistufegen Test ënnert der Opsiicht vun engem Psycholog, deen un éischter Plaz dofir geduecht ass Leit opzespieren déi intellektuell hirem Alter viraus sinn. E Resultat dat d'selwecht oder besser ass wéi dat vun 98% vun der Bevëlkerung gëtt engem d'Recht, Member vu Mensa ze ginn (www.mensa.lu a www.mensa.org). Dësen Test enthält keng Froen zur Allgemengbildung, en test éischter d'logesch-mathematesch Fäegkeeten a Geschéckerlechkeeten (d'Vitesse vun der Informatiounsveraarbechtung, d'Analys an d'Synthees, d'Léift zum Detail, etc.). Wann de Kandidat net déi néideg Punktzuel erreecht fir Member vu Mensa Lëtzebuerg ze ginn, dann huet en d'Recht, den Test nach eng zweete Kéier gratis ze maachen.

Deen Test gëtt 2x d'Joer vu Mensa Lëtzebuerg organiséiert. Datum an Adress fann dir op dësem Site (giel Këscht uewen op all Säit). Et ass net noutwendeg, sech am viraus fir de Mensa IQ Test fir Erwuessener unzemellen.

Speziell Informatiounen iwwert de Kanner IQ-Test (6,5 bis 9,5 Joer)

Dësen Test ass geduecht fir Kanner am Alter tëschent 6,5 an 9,5 Joer (um Dag vum Test). Kanner a Jugendlecher déi méi al wéi 9 Joer sinn dierfen den Test fir Erwuessener maachen.

Well an dësem Test keng Allgemengbildungsfroen dra sinn, a well och weder d'schoulesch nach d'sproochlech Kenntnisser vum Kand bewäert ginn, kritt e "gudden" a "schlechte" Schüler déi selwecht Chancen. 'T ass net néideg sech virzebereeden, oder ze üben. D'Kand brauch net liesen a schreiwen ze kënnen. D'Explikatioune sinn op Lëtzebuergesch, a ginn, falls néideg, op Däitsch, Franséisch an Englesch iwwersat.

Den Test dauert ongeféier eng hallef Stonn. Dësen Test ass no Altersklassen agedeelt, a gëtt an zwou Gruppen ofgehalen. D‘Andeelung an d‘Gruppen hänkt vum Alter vun de Kanner an der Unzuel vun Umeldungen of, sou dass d'Auerzäit wéini et lass geet, eréischt ka matgedeelt gi wann all d'Umeldungen era sinn.

De Präis vu 40 € ass boer op der Plaz ze bezuelen, just virum Test.

 

D'Resultater ginn 2-4 Wochen nom Test per Bréif matgedeelt. Et gi keng Resultater per Email oder Telefon matgedeelt!

Obligatoresch Aschreiwung fir de Kanner IQ-Test

D'Aschreiwung fir de Kanner Test via Email op kidstest@mensa.lu ass obligatoresch. Gitt w.e.g. bei der Aschreiwung (op kidstest@mensa.lu) folgend Informatiounen un:

  • Numm, Virnumm,
  • Geschlecht a Gebuertsdatum vum Kand,
  • Genee Adress wou d'Resultat soll hi geschéckt ginn,
  • Numm vun den Elteren, Telefonsnummeren, Handysnummer vun dem Elterendeel deen d'Kand bei den Test bréngt,
  • E-Mail Adress vun den Elteren,
  • Mammesprooch vum Kand, an aner Sproochen déi et versteet,
  • D'Nationalitéit vum Kand
  • Huet et schonn eng Kéier een IQ-Test gemaach?
  • Wa jo, wéini war dat, wéi een Test, a wéi war d'Resultat?
  • Nëtzlech Informatiounen iwwer d‘Kand, déi eventuell kënne fir e gudden Oflaf vum Test wichteg sinn (z.B. héiert net gutt/nëmmen eng Säit, muss Medikamenter huelen, aner Opfällegkeeten, …).

Zousätzlech Informatiounen: mensakids@mensa.lu.

MensaKids ist im Jahre 2010 durch die Initiative einer Gruppe Eltern von hochbegabten Kindern entstanden.

Jene Eltern (manchmal auch das Lehrpersonal) stellten fest, dass verschiedene Kinder anders agierten oder reagierten als ihre Klassenkameraden und wollten herausfinden weshalb das so ist. Dies kann viele Ursachen haben, und es kann z.B. eine Hochbegabung vorliegen. Für diejenigen Kinder, bei denen tatsächlich eine Hochbegabung vorliegt, ist es von unschätzbarer Wert, andere Kinder kennenzulernen, welche in der gleichen Lage sind.

MensaKids will Ihnen eine interaktive Plattform zur Zusammenarbeit anbieten. Das Konzept besteht darin, alle paar Wochen ein Treffen zu organisieren, sowie andere Aktivitäten: Ateliers, Workshops, Besichtigungen, Führungen, usw.; aber auch IQ-Tests für Kinder, Elterntreffen, Vorträge oder Diskussionsrunden mit Interessierten und/oder Betroffenen, Lehrpersonal, Psychologen, usw. Bei diesen Treffen können auch die Eltern aus den Erfahrung der anderen Eltern Nutzen ziehen.

Ihre Ideen und Vorschläge sind willkommen

Sie können uns über die Email Adresse mensakids@mensa.lu erreichen.

Die Aktivitäten von MensaKids (Planung und Organisation) werden ermöglicht durch die Arbeit und das Engagement einiger wenigen Ehrenamtlichen.

Dësen IQ-Test ass fir Kanner vu 6,5 Joer bis 9,5 Joer; Kanner ab 9 Joer kënnen beim regulären Mensa IQ-Test, deen och fir Erwuessener ass, matmaachen.

Mensa Lëtzebuerg organiséiert regelméisseg tëschent 10 an 12 Auer (je no Altersgrupp) en IQ-Test fir Kanner zu Lëtzebuerg, 35 rue de Bonnevoie.

Fir d'Kanner unzemellen, liest w.e.g. den Abschnitt "Aschreiwung" am Haaptartikel. D'Umeldung ass fir de Kannertest obligatoresch.

Wann dir trotzdeem nach Froen hutt: mensakids@mensa.lu oder Telefon/SMS: 691 800 665 (Méindes bis Donneschdes vun 10-20 Auer, d'Nummer ass nëmme sporadesch besat).

MensaKids ass am Joer 2010 duerch d‘Initiativ vun enger Grupp Eltere vun héichbegaabte Kanner entstanen.

D'Elteren (an heiansdo och d'Léierpersonal) hu festgestallt, dass verschidde Kanner anescht agéieren oder reagéiere wéi hir Klassekomeroden, a wollten erausfannen, firwat dat esou ass. Dëst ka vill Ursaachen hunn, an et kann z.B. eng Héichbegabung virleien. Fir déijéineg Kanner, bei deenen eng Héichbegabung virläit, ass et vun onschätzbarem Wäert, fir aner Kanner kennen ze léieren, déi an däer selwechter Situatioun sinn.

MensaKids wëll hinnen eng interaktiv Plattform fir Zesummenaarbecht ubidden. De Konzept besteet doran, all puer Wochen een Treffen ze organiséieren, an och aner Aktivitéiten: Atelier'en, Workshopen, Besichtegungen, Féierungen, asw.; awer och IQ-Tester fir Kanner, Elterentreffen, Virträg oder Diskussiounsronne mat Interesséierten an/oder Betraffenen, Léierpersonal, Psychologen, asw. Bei dëse Rencontre kënnen dann och d'Eltere vun den Erfarunge vun deenen aneren Eltere profitéieren.

Är Iddien a Virschléi si wëllkomm!

Dir kënnt eis op der E-mail Adress mensakids@mensa.lu erreechen.

D'Aktivitéite vu MensaKids (Planung an Organisatioun) ginn erméiglecht duerch d'Aarbecht an d'Engagement vu ganz wéinege Benevollen.