Les prochains tests officiels auront lieu et le 21 avril 2018 (adultes et jeunes) à 10 heures et le 11 november 2017 (enfants jusqu'à 9 ans et demi)

Wee vun iech kann oder well eng Aktivitéit oder en Treffen organiséieren?

MENSAKIDS ass jo als INTERAKTIV PLATTFORM geduecht, fir mateneen ze schaffen, ze schwätzen an ze organiséieren. Vläicht kenne mir/dir jo lo mol domat ufänken?

D'Iddi ass, all puer Wochen e Kanner/Elteren-Treffen ze organiséieren, och aner Wochendeeg an op aner Plazen.

Well mir bei de Spillmëtteger d'Erfahrung gemaach hunn, datt „déi“ Kanner nawell séier Kontakt ënnerenee kréien, ass dat eng gutt Geleeënheet fir "hiresgläiche" kennen ze léieren.

D'Elteren hu gläichzäiteg Geleeënheet fir mateneen ze schwätzen an Erfahrungen ze deelen, an eventuell Adressen ze tauschen.

Et wär och flott fir déi Kanner, déi net fort sinn, wann Aktivitéiten an der Vakanz wären.

Frot mol är Kanner, si hu bestëmmt Iddien!

Ech/mir waarden op är Proposen!

Andrée
gt.kids@mensa.lu