Die nächsten offiziellen Tests sind  am 6. April 2019 (Erwachsene und Jugendliche) um 10 Uhr und am 4. Mai 2019 (Kinder bis 9½ Jahre)

MENSA LËTZEBUERG invitéiert op en

Informatiouns an Diskussiouns-Owend zum Thema IWWERSPRANGEN

Mëttwochs, de 6. Juni 2018 um 19.30 Auer
zu Zéisseng am Centre Culturel
Adress: 1, rue St Joseph
L-1838 Cessange (nieft der Kierch; Bus Nr 4)

Invitéiert sinn:

  • Elteren fir déi den Thema "IWWERSPRANGEN ODER NET" aktuell ass
  • Elteren déi hir Erfarung kenne weider ginn
  • Jugendlecher, wa se wëllen iwwer hier Erfarung domat schwätzen
  • Persounen aus der Educatioun déi mam Thema ze dinn hunn,
  • oder schonn haten,
  • oder einfach drun intresséiert sinn
  • Jofferen aus de Spillschoul déi Kanner an der Klass hunn déi méi an aner Saache kennen oder wësse wéi déi aner Kanner
  • All Persounen déi um Thema intresséiert sinn


Mir soen iech am Viraus Merci fir är Präsenz, fir är Informatiounen an Erfarungen, déi de Famillen, déi momentan betraff sinn, kennen hëllefen déi fir si richteg Decisioun ze huelen


Mellt iech w.e.g. bis den 31. Mee op inscriptions@mensa.lu un. Merci
Den Entrée ass fräi


Andrée
mensa.lu

A Frankräich ass de "saut-de-classe" och en Thema,
hei ass de Link dozou:

http://etudiant.lefigaro.fr/article/monique-de-kermadec-le-saut-de-classe-ne-peut-etre-l-unique-reponse-a-la-precocite-_27345b82-42e5-11e8-ad7a-1b7da48f683b/ <http://etudiant.lefigaro.fr/article/monique-de-kermadec-le-saut-de-classe-ne-peut-etre-l-unique-reponse-a-la-precocite-_27345b82-42e5-11e8-ad7a-1b7da48f683b/>